En Donneschdeg de Moie war déi nächst Tripartite an d'Indextranche um Enn vum Joer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam LCGB-President.

D'Paie musse vum Mindestloun bis 5.000/6.000 Euro de Mount entlaascht ginn, sou den LCGB President Patrick Dury en Donneschdeg de Moien op RTL. Hien huet ugekënnegt, datt seng Gewerkschaft, den OGBL an d'CGFP am Virfeld vun der Tripartite, den 3. Mäerz, dem Premier Xavier Bettel e Bréif wäerte schécken, an deem si, eng Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun fuerderen.

De Patrick Dury huet op den Avis vun der Salariatskummer zum Budgetsprojet higewisen, an dem virgerechent gëtt, wéi vill ee méi Steieren elo muss bezuelen duerch déi vill Indextranchen. D'Netto-Entlaaschtung wier duerch dat Net-Upasse vill méi kleng, wéi wann d'Barèmë géingen ugepasst ginn. Well duerch esou eng Upassung awer déi héich Gehälter besonnesch entlaascht ginn, huet den LCGB President op verschidde Pisten higewisen ewéi ee kéint besonnesch déi niddreg Gehälter entlaaschten, wéi gesot bis 5.000/6.000 Euro.

Vun zousätzlechen Tranchen oder méi héije Spëtzesteiersätz, huet de Patrick Dury net geschwat. Iwwerdeems d'DP warnt, méi héich Steiersätz kéinten Talenter ofschrecken, fir hei an d’Land ze kommen, sot de Patrick Dury. D'Steierpolitik wier effektiv en Element vun der Standuert-Politik. Hie sot awer och, datt vill Talenter an den High-Tech Betriber oder Start-Upe fir méi kleng Paie schaffen.

Fir den LCGB wier den Enjeu vun der Tripartite, d’Inflatioun weider ze bremsen, mä och den Index a gläichzäiteg d’Aarbechtsplazen z’erhalen.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.