En Dënschdeg de Moie waren déi geplangte Steiererliichterungen Thema mat der DP-Generalsekretärin an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Steierkreditter si manner komplex a méi séier ewéi eng Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun. Dat huet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann en Dënschdeg de Moien hei op RTL erkläert. Si huet op d'Fuerderung vun de Gewerkschaften OGBL a CGFP reagéiert an d'Approche vun hirer Parteikolleegin, der Finanzministesch Yuriko Backes, verdeedegt. Sief et an der Pandemie, an der Energiekris oder och fir de Monoparentauxen ze hëllefen huet d'Regierung op cibléiert Mesurë gesat, sou d'Carole Hartmann. Och elo, wou d'Staatsfinanzen sech ëm 500 Milliounen Euro verbessert hunn, soll een iwwer Steierkreditter fueren, sou d'Carole Hartmann. Et wier een nach net aus der Energiekris eraus an an dësen "onsécheren Zäiten" misst een deenen hëllefen, déi et am meeschte brauchen.
RTL-Informatiounen no ginn d'Diskussiounen iwwer d'Steiererliichterungen eréischt no der Fuesvakanz lass.
Genee ewéi d'Yuriko Backes huet d'Carole Hartmann widderholl, datt eng Upassung vun de Steierbarèmë mat ronn 600 Milliounen Euro d'Joer den Ament och ze deier wier. Eng Hausse vum Spëtzesteiersaz géing iwwerdeems an hiren Aen net vill erabréngen a kéint dee Käschtepunkt net kompenséieren. Ugeschwat op en aneren Zenario vun der Steierverwaltung (Säit 25), deem no 500 Milliounen Euro kéinten eragespullt ginn, ass d'Carole Hartmann bei hirer Ausso bliwwen, datt Haussë vun de Spëtzesteiersäz der Kompetitivitéit vum Land géinge schueden.
Wier et ëmgedréint net besser, déi 500 Milliounen Euro Sputt ze halen, fir der nächster Regierung méi Handlungsspillraum ze ginn? Sinn d'Steierkreditter e Walkaddo? Op déi Froen huet d'DP-Deputéiert geäntwert: "A Krisenzäite kann een net vu Walkaddo schwätzen." Et wier eng gutt Nouvelle, datt e Sputt do wier, fir deenen d'Suen zoukommen ze loossen, déi se effektiv brauchen.
Aarbechtszäit an Independanten
Anere Sujet en Dënschdeg de Moie war d'Aarbechtszäit. Fir d'DP wier et manner eng Diskussioun iwwert eng Reduzéierung, mee méi eng Diskussioun iwwert eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit. D'Carole Hartmann kéint sech eng "Joresaarbechtszäit" virstellen, wou Patron a Salarié kéinten a Funktioun dovunner, wéi vill Aarbecht usteet, zesummen decidéieren, wéini et méi oder manner Fräizäit gëtt.
A Punkto finanziell Ofsécherung vun Independanten dann, huet d'Carole Hartmann sech iwwregens kloer fir e Statut unique tëscht Independanten a Salariéen ausgeschwat. D'DP-Deputéiert huet eng Interpellatioun an der Chamber zu deem Sujet ugefrot.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.