Ausbau vum Crematoire zu HammEn zweeten Zeremoniesall, fir der Nofro gerecht ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Ee vun den alen Iewe gëtt doriwwer eraus duerch en neien ersat. D’Haaptaarbechte solle bis Enn d’nächst Joer ofgeschloss sinn.
Ausbau vum Crematoire zu Hamm
Ee vun den alen Iewe gëtt doriwwer eraus duerch en neien ersat. D’Haaptaarbechte solle bis Enn d’nächst Joer ofgeschloss sinn.

Nieft dem Crematoire zu Hamm entsteet en neit Gebai, dat duerch eng Glaskonstruktioun mat deem ale Gebai verbonne gëtt. Eng Passerell aus Glas wäert da bei eng vun de Streewise féieren.

“Et koum zu Enkpäss, fir genuch Plazen ze hunn, fir Zeremonien ofzehalen, well mer just een Zeremoniessall hunn, an deem et 100 Plaze ginn”, huet den Tom Jungen, President vum Syndicat intercommunal en Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz erkläert. Dofir kënnt elo en zousätzlechen Zeremoniesall dobäi. Awer och eng weider Salle d’attente fir d’Familljen. Wann et emol néideg wier, kann och dës als klengen Zeremoniesall ëmgestalt ginn.

Nieft der Extensioun vun de Raimlechkeete gëtt och ee vun den Iewen ersat. Dat nodeems schonn 2018 een neien Uewen installéiert gi war, fir Persoune bis zu 350 Kilo anzeäscheren. Dono wäert bei deenen 2 Iewen dës Kapazitéit bestoen. Deen alen Uewen huet eng Kapazitéit vun 120 Kilo, woubäi eng Doudelued schonn 30 Kilo weit. Fir ee Verstuerwenen anzeäscheren dauert dräi bis véier Stonnen.

D’Aarbechten zu Hamm fänken am September un an déi Responsabel hoffen, bis Enn d’nächst Joer majoritär fäerdeg ze sinn, fir de Service nees opzehuelen. Et wéilt een awer probéieren, wéi elo scho mat der Stad Lëtzebuerg, d’Gemengen ze sensibiliséieren, fir aner Moyene fir d’Zeremonien ofzehalen ze fannen. D’Zuel vun den Zeremonien um Site wäert an där Zäit begrenzt sinn. Méiglecherweis ginn dës just mëttes ugebueden. Nodeems déi gréisser Aarbechten ofgeschloss sinn, wäerten awer nach weider Renovatiounsaarbechte sinn, an am éischten Trimester 2025 hofft een da ganz fäerdeg ze sinn.

Zu Hamm am Crematoire kënne mat Hëllef vum neien Uewen 75 Verstuerwener pro Woch ageäschert ginn. Den Ament läit ee bei 60. D’Zuel vun den Anäscherunge geet permanent an d’Luucht. Dat hätt net just mat der Populatioun ze dinn, déi wiisst, erkläert den Tom Jungen. 1995, wou de Crematoire zu Hamm de Betrib opgeholl huet, wieren däitlech ënner 50 Prozent vun de Leit ageäschert ginn. D’lescht Joer goufe vun 3.120 Stierffäll 70 Prozent ageäschert. 958 goufen um Site vum Crematoire verstreet. 720 Zeremonië goufen ofgehalen an de Gros dovunner war ziviller Natur. Och wann et géing d’Méiglechkeet ginn, dass d’Kulten eng Zeremonie halen, géing dëse Chiffer déi lescht Joer erofgoen.

Am interkommunale Syndicat, S.I.C.E.C. sinn 71 Gemenge vertrueden. Dëst heescht, dass d’Familljemember vu Verstuerwene aus der Gemeng musse manner fir eng Anäscherung bezuelen. Fir Net-Membere 600 Euro, fir Membere 400 Euro. An och bei den Tariffer fir den Zeremoniesall a fir d’Verstreeë ginn et ënnerschiddlech Servicer. “De Grond, wisou et schwéier ass, nei Member ze kréien, ass dass d’Statute virgesinn, dass ee sech muss an de Patrimoine vum Syndikat akafen”, erkläert den Tom Jungen. Dat wieren antëscht grouss Zommen, soudass Net-Member Gemenge géingen deels hir Bierger iwwer Subsiden ënnerstëtzen, wa se wéilten zu Hamm ageäschert ginn.

Back to Top
CIM LOGO