Geklauten Donnéeën am Darknet gelantEncevo kontaktéiert Betraffener vu Cyberattack via Bréif

RTL Lëtzebuerg
Wéi annoncéiert, ass Encevo domadder amgaang, fir d'Clientë perséinlech unzeschreiwen, déi vun der Cyberattack an der Nuecht op den 23. Juli betraff waren.
© AFP/Archiv/NICOLAS ASFOURI

Déi Concernéiert kréie via Bréif individuell matgedeelt, wéi eng perséinlech a sensibel Donnéeë bei der Attack un d’Hacker gaange sinn. Zum Beispill den Numm, d’Adress, d’Telefonsnummer oder och d’Kontosnummer. Un d’Clienten ass et ënnert anerem de gudde Rot, fir d’Bankkonte reegelméisseg z’iwwerpréiwen a seng Bank direkt bei verdächtegen Transaktiounen ze kontaktéieren. De Risk vun net autoriséierte Viremente wier duerch d’Sécherheetsbestëmmungen awer kleng.

Fir de Rescht ass et nach emol de Rappell, datt een ni sensibel Donnéeë via Telefon oder Mail matdeelen a suspekt Mailen net uklicke soll. Wéi ville Leit hir Donnéeën an déi falsch Hänn komm sinn, ass nach ëmmer net gewosst.

Encevo verséchert de Clienten, datt een all Moyenen ergraff hätt, fir den Impakt vun der Cyberattack sou vill wéi méiglech ze limitéieren. Och wier d’Iwwerwaachung vun de Systemer verstäerkt ginn. Déi geklauten Donnéeë waren no der Cyberattack am Darknet publizéiert ginn.

Hannert der Attack stécht eegenen Aussoen no de Grupp “BlackCat”.

RTL-Artikel: Lëtzebuerger Stroumacteur: Geklauten Donnéeë vun Encevo-Clientë landen am Darknet

Back to Top
CIM LOGO