BartrengEng 10 Jugendlecher waren an Akafszenter unenee geroden

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg géint 16.10 Auer gouf et eng Kläpperei an engem groussen Akafszentrum zu Bartreng.

E puer Jonker waren unenee geroden, dat bei de Keesen an der Galerie.

Wéi et op Nofro hi vun der Police heescht, hätten 3 Meedercher ugefaange mat streiden, si hätte sech un den Hoer gezunn an där gläichen. Aner Bouwe sinn dertëschent gaangen. Eng 10 Jugendlecher tëscht 14 an 18 Joer waren an d’Kläpperei verwéckelt.

Sécherheetsbeamte vum Akaafszentrum hunn och agegraff an d’Police ass op d’Plaz komm.

Ee Meedchen gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. Déi aner Jonker si mat op de Policebüro geholl gi fir befrot ze ginn.

D’Eltere vun de Jugendlechen goufen informéiert.

Back to Top
CIM LOGO