Zënter Juni 2001 gëtt et d'Asbl "1604 Classics". Dës Associatioun huet eng Konventioun mat "Sites et Monuments", zesumme geréiere si eng eemoleg Kollektioun vun ale Lokomotiven. Och wann et esou lues enk an der Hal gëtt, geet déi ganz Ekipp mat vill Freed zur Saach.
D’Eisebunnsfrënn verbënnt eng grouss Passioun: d’Begeeschterung un der Technik vu fréier.
Zil ass et, dem Grand Public d’Dieren opzemaachen. Dofir bräicht et awer eng nei Plaz. Déi aktuell gëtt ze kleng. Grouss Hoffnung setzen déi Responsabel op d’Frichë vun Esch-Schëffleng. Si hoffen, en Accord mat Agora ze fannen, fir do um Site eng Hal ze kréien.