ChamberblietchenEng digital Revolutioun fir d'Chamber

Tim Morizet
E leschte Freideg war et déi leschte Kéier, dass d'Chamberblietchen am Drock an dräi Lëtzebuerger Dageszeitunge publizéiert gouf.
Chamberblietchen - eng digital Revolutioun fir d'Chamber
E leschte Freideg war et déi leschte Kéier, dass d’Chamberblietchen am Drock an dräi Lëtzebuerger Dageszeitunge publizéiert gouf.

Wien de Resumé vun de Chamber-Sessiounen heem an d’Boîte wëll kréien, muss sech deemnächst dofir umellen, respektiv de Resumé um Site vun der Chamber nosichen. Och d’Chamber probéiert sech digital weider z’entwéckelen, esou de Chamberpresident Fernand Etgen.

Chamberblietchen neie Look / Reportage Dany Rasqué

Bis ewell war d’Publikatioun vum “Chamberblietchen” e Privileeg fir déi geprinten Dagespress. D’Kontrakter mat den dräi offiziell leschten Dageszeitunge sinn ausgelaf. En neie Kontrakt gouf no enger internationaler Ausschreiwung mat der Lëtzebuerger Kommunikatiouns-Agence “Brain & More” ënnerschriwwen. En Acteur mat deem d’Chamber schonn am Passé zesummegeschafft huet.

Mir waren elo net méi zäitgeméiss. Och schonn aus ekologesche Grënn,” esou de Chamberpresident. “Hei si reegelméisseg grouss Quantitéiten un Zeitungen an d’Poubelle geflunn. Mir erreechen elo, datt eis gesamt Kommunikatioun digital ugepasst gëtt.”

En Accord mam Lëtzebuerger Journal, fir d’Publikatioun vum Blietche fir d’Medien ze digitaliséieren, gouf d’lescht Joer - no vill Kritik - séier zeréckgezunn. No der “Journal"-Kooperatioun koum d’Fro vun der Gläichberechtegung vun de Medien – dat an engem digitalen Zäitalter. 18 Méint méi spéit ass alles digital. De Pabeier - vun Oktober ons - gëtt et just nach am DIN A4 mat engem gratis Abonnement.

De Fernand Etgen: “Mir wëllen d’Chamberblietchen erfrëschend opbereeden. Mir liewen an enger verännerter, digitaler Welt a Mediegesellschaft an deem musse mer Rechnung droen an do muss d’Blietchen och evoluéieren.”

Eng nei Kommunikatiounsstrategie gouf elo vun der Verwaltung ausgeschafft. Den 10. Oktober soll och den neien Internetsite vun der Chamber online goen.

De Chamber-Budget fir d’Publikatioun louch 2020 bei Ronn 1,2 Milliounen Euro. D’Käschte solle vun dësem Joer u falen, ma de geneeë Betrag ass ofhängeg vun der Zuel un Abonnementer.

Et géif een iwwerdeems probéieren, de Retard am Chamberblietchen opzeschaffen. Aktuell ass ee beim publizéiere vun de Seancen 9 Méint am Retard, erkläert de Fernand Etgen. Iwwert déi lescht Méint wieren zwou nei Persounen agestallt ginn, fir de Retard nees anzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO