
Wéi den 112 mellt, krute sech géint 1 Auer e Mëttwoch de Mëtteg 2 Autoen op der RN12 tëscht Féitsch an Heesdref ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Änleche Virfall um kuerz no 13 Auer op der RN07 tëscht Housen a Maarnech, hei goufen et 2 Liichtblesséierter.
Zu Biissen da kruten sech e Bus an e Vëlosfuerer ze paken, dat um 13:20 Auer. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier huet sech um Mëttwoch de Mëtteg en Auto iwwerschloen, woubäi och eng Persoun liicht blesséiert gouf.
Zu Féiz koum et um 20 op 4 dann zu enger Kollisioun tëscht 2 Gefierer, och hei gouf eng Persoun blesséiert.