100 Deeg no der bluddeger Terror-Attack vun der HamasEng israeelesch Famill, déi wéi duerch e Wonner iwwerlieft huet

Jeannot Ries
Frënn si gestuerwen. Zwee Awunner aus hirem Kibbutz gi weider an der Gazasträif als Geisel zeréck gehalen. En Temoignage vun enger israeelescher Famill.
100. Dag vum Krich am Noen Osten
D’ASBL Coopération Luxembourg Israel mobiliséiert op der Place d’Arme.

“Dat wat de 7. Oktober geschitt ass, däerf net an d’Vergiessenheet geroden. Däerf net als einfache, banalen Tëschefall ugesi ginn”, sou d’Addi Cherry. Mamm vun 3 Kanner. Dofir huet Haut, um 100. Dag vum Krich, d’asbl ''Coopération Luxembourg-Israel, och op der Place d’Armes mobiliséiert.

D’Addi Cherry, déi de Massaker am Kibbutz Nahal-Oz iwwerlieft huet bedauert: “Leider si mir an der Situatioun, dat mer ons an enger vun de schrecklechste Saachen, déi jee mat eis, mat Israel, mat Judde geschitt ass, erkläre mussen. Eis schütze mussen. Dat mer der d’Welt iwwerzeege mussen, datt et wierklech geschitt ass.”

Wärend 11 Stonnen huet déi 46 Joer al Mamm, zesumme mat hirem Mann an den 3 Kanner, am Kibbutz, direkt un der Grenz mat Gaza, ëm d’Iwwerliewe gekämpft. Mat Miwwel a bloussen Hänn hu si d’Dier vum Safe-Room zou gehal.

© RTL

“Leider hu mir 14 Awunner aus dem Kibbutz verluer. Si goufen ëmbruecht. Ganz Famillen. E puer vun hinne goufe Live, op Facebook gefilmt. 8 Awunner goufen entfouert.”

Dorënner och Kanner. Kollagen vum 9 Joer ale Yahav, vun der 12 Joer aler Shani., Frënn vum 15 Joer ale Guy. Si goufen an Tëschenzäit fräigelooss. Zwee Awunner vun ‘Nahal-Oz’ bleiwen an den Hänn vun der Hamas. Dorënner den Tsachi Idan, deem seng Mamm Mëtt November vu Lëtzebuerg aus en Appell lancéiert hat, fir hire Fils fräi ze kréien. Zwee Méint méi spéit, feelt jiddwer Noriicht.

“Mir si ganz besuergt. Well si sinn an onmënschleche Konditiounen agespaart. Dofir gi mir op d’Strooss. Ons Stëmmen, sinn hir Stëmm. Si kënnen net schwätzen. Dofir si mir hei”, sou d’Addi Cherry am RTL Interview.

D’Familljemamm weist Fotoen, Videoe vun deem, wat vun hirem Haus iwwreg bleift. Den 10. Oktober huet d’Famill Israel verlooss. Elo eréischt, denke si driwwer no, nees Heem ze goen. An Israel., awer wouhin? Eng Fro, op déi d’Elteren an d’Kanner nach kéng Äntwert hunn:“Ons Frënn, feelen ons. Wierklech. Hier Famillen. Mir vermëssen eng gewëss Normalitéit, wat den Alldag ubelaangt. D’Schoul, d’Couren, all dat... Ma et gi vill Terroristesch Organisatiounen, am Libanon, an der West-Bank, a weider och zu Gaza. Ech hunn e wéineg Angscht. Ma ech sinn iwwerzeegt, et wäert ons gutt doen, zeréck an Israel ze goen”, sou dee 15 Joer ale Guy Cherry, deen de 7. Oktober zesumme mat sengem Papp géingt d’Terroriste vun der Hamas gekämpft huet.

© RTL

Ugeschwat op 3 Méint Krich. D’Leide vum Israeelesche Vollek. Awer och d’Leed vun de Mënschen op der anerer Säit vun der Grenz, an der Gazasträif, ass d’Familljemamm traureg: “Wierklech traureg. Awer et ass e Krich fir dee mir net gefrot hunn. Mir goufe brutal attackéiert. D’Hamas, wann se sech ëm hir Zivilpopulatioun këmme géif, si ass hir Regierung, dann hätten se net aus Spideeler eraus geschoss: Net vu Schoulen aus geschoss. Da géifen si hiren Zivilisten hëllefen.”

Ugeschwat op en Enn vum Krich, op Fridden, gëtt et kuerzfristeg fir d’Addi just eng Léisung : D’Hamas misst eraus aus Gaza. Ouni dat, géif et kéng Zukunft. Ouni emol d’Wuert Fridden an de Mond ze huelen. Den eenzege Wonsch deen d’Awunner aus dem Kibbutz Nahal-Oz, wei vill aner Mënschen hätten, wier a Fridden ze liewen.

Back to Top
CIM LOGO