SozialwalenEng kuerz Nuecht bei der Post

Jeannot Ries
1.738 Mataarbechter vun der Post waren en Dënschdeg stëmmberechtegt.
Sozialwalen: Eng kuerz Nuecht bei der Post
1.738 Mataarbechter vun der Post waren en Dënschdeg stëmmberechtegt.

Nieft der Bréifwal konnte si hiren Ziedel op 3 verschiddene Sitten ofginn: der Stater Gare, op der Cloche d’Or an zu Beetebuerg am Centre de Trie. Well op Schichte geschafft gëtt, huet den éischte Walbüro den Dënschdeg de Moie schonn um 5 Auer seng Dieren opgemaach. Dee leschte geet den Dënschdeg den Owend um 21 Auer zou. Et gëtt deemno eng laang Nuecht, ier all d’Stëmmziedelen ausgezielt ginn.

2019 ass d’Resultat beim 3. Employeur am Land géint 2 Auer an der Nuecht gefall. Viru 5 Joer hate sech eng 60% vun de Mataarbechter bei d’Urn deplacéiert. Gewielt goufen en Dënschdeg bei der Post, grad ewéi 2019, 16 Delegéiert a 16 Suppleant. Viru 5 Joer waren déi zwou grouss Gewerkschaften LCGB an OGBL just op d’Plazen 2 an 3 komm. Hannert dem Hauseegene sektoriellen “Syndicat des P&T”, dee bei der CGFP affiliéiert ass.

Back to Top
CIM LOGO