
Zu Leideleng gouf an e Buttek agebrach an zu Jonglënster, um Houwald, zu Hollerech, um Lampertsbierg an um Belair gouf a Kelleren agebrach.
Géint 19.30 Auer en Dënschdeg den Owend goufen an der Avenue Monterey an der Stad 3 Jugendlecher vun zwee Onbekannten iwwerfall. D’Fra an de Mann, déi déi jonk Leit ugegraff hunn, sinn dono geflücht.
Kuerz no 21 Auer krut e Mann an der Géigend vum Knuedler eng Kette vum Hals gerappt.