
Géint 6 Auer e Freideg de Moien huet e Resident aus der Rue Adolphe Weis zu Bäreldeng en Abroch bei sech gemellt. Bei der Sich nom Onéierleche konnten d’Beamten den Abriecher an der Steeseler Strooss stellen. Op him goufen divers geklaute Géigestänn séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a mëttes dem Untersuchungsriichter presentéiert.
An der Cité de l’Aéroport um Findel gouf géint 19.30 Auer en Abroch an en Eefamilljenhaus gemellt. Déi dräi Verdächteg, déi iwwert eng Balconsdier agebrach sinn, konnte kuerz drop gepëtzt ginn. Och si koume mat op de Policebüro an Ermëttlunge géint si goufe lancéiert.
An der Avenue J.F. Kennedy um Kierchbierg hunn e Freideg géint 17 Auer zwee Onéierlecher hiert Affer ofgelenkt, fir der Persoun Boergeld aus der Täsch ze klauen. No der Dot sinn d’Täter a Richtung Stad geflücht. Eng Plainte an eng Enquête goufe lancéiert.
Am Park an der Avenue Monterey an der Stad kruten um fréien Owend zwee Jugendlechen en Handy an eng kleng Zomm Boergeld geklaut. Och hei sinn d’Täter no der Dot geflücht. Ermëttlunge goufe lancéiert.