CGDIS deelt matEng Partie Virfäll an Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Um 13h37 koum et op der N11 Waldhaff Richtung Dummeldeng zu enger Kollisioun tëscht2 Autoen. Hei goufen am Ganzen 3 Leit blesséiert.

Um 14 Auer gouf um CR152 Bech-Klengmaacher Richtung Réimech e Motocyclist vun engem Automobilist ugestouss. Dësen ass dobäi vu sengem Moto geschleidert ginn a gouf blesséiert.

Um 14h29 koum et zu engem weideren Accident op der A3 Richtung Metz. Hei waren direkt e puer Autoen involvéiert. Keng Persoun koum hei zu Schued.

Zu Bäerdref an der Rue de Consdorf gouf eng Persoun um 16h40 vun engem Auto ugestouss a blesséiert.

An um kuerz viru 17 Auer hat an der Stad op der Theaterplaz eng Poubelle gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO