Tëscht Béiweng a FentengEng Persoun bei Accident liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De Bäifuerer vun engem accidentéierten Auto koum mat liewensgeféierleche Wonnen an d'Spidol.
© Police Grand-Ducale

De Mëttwoch den Owend koum et géint 20 Auer op dem CR159 tëscht Béiweng a Fenteng zu engem schwéieren Autosaccident, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen. De Won ass vu Béiweng a Richtung Fenteng gefuer, wou de Automobilist an enger Kéier virun der éischter Eisebunnsbréck d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. Hien ass vun der Strooss ofkomm a géint d'Mauer vun der Bréck gerannt.

Den Auto ass vun der Mauer an d'Leitplank geschleidert ginn a koum schliisslech an engem Gruef zum stoen. Um Bäifuerer huet missten op der Plaz eicht Hëllef geleescht ginn, ier hie mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Spidol gefuer ginn ass. Och de Chauffeur gouf an d'Klinick ageliwwert.

De Parquet huet dem Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police den Optrag ginn, eng Enquête anzeleeden. Wéinst Alkohol um Steier gouf e Fürerschäin agezunn an et gouf ee Protokoll erstallt. Wärend dem Asaz huet d'Streck misste komplett gespaart ginn.

Alles an allem gouf et de Mëttwochowend siwe Blesséierter bei fënnef Accidenter.

Back to Top
CIM LOGO