Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vu 420 Tester war 1 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 812 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 34 Persounen hospitaliséiert, dovunner 17 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.266 aktiv Infektiounen. 67.501 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufen 1.100 Leit eng éischte Kéier an 1.766 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 322.751 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO