ZeienopruffEng Persoun gouf an der Stad attackéiert

RTL Lëtzebuerg
Den 20. Januar war eng Persoun géint 20.50 Auer um Boulevard Roosevelt an der Stad vun zwee Männer ugegraff ginn.
© RTL Grafik

D’Affer hat e Café an der Géigend vum Busarrêt Quai 2 verlooss, wéi d’Männer et attackéiert hunn. Ee vun de presuméierten Täter soll ongeféier 1,75 Meter grouss gewiescht sinn. Hie soll eng donkel Hautfaarf an Dreads gehat hunn. Ausserdeem hat hien eng schwaarz Jackett an donkel Jeans un. Deen anere soll eng hell Hautfaarf gehat hunn. Hien hätt eng schwaarz Mutz opgehat.

Wien Informatiounen iwwer d’Täter huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder via Mail.

Back to Top
CIM LOGO