
Géint 18.20 Auer en Donneschdeg war eng Persoun zu Bouneweg ugestouss ginn. Hei waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.
Um 2.15 Auer e Freideg de Moien hat dann zu Kënzeg en Auto e Bam ze pake kritt. Hei gouf et ee Blesséierten. D’Ambulanz vu Stengefort an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.