CGDISEng Persoun vun Auto ugestouss, dräi Blesséierter bei Autosaccidenter

RTL Lëtzebuerg
An der Lescht heefe sech nees d'Nouvellen, vu Persounen, déi vun Autoen ugestouss ginn. Esou och nees e Méindeg den Owend géint 19 Auer um Findel.

“Beim Haff” gouf hei eng Persoun ugestouss. Nieft dem Samu an der Ambulanz aus der Stad waren och d’Pompjeeë vu Sandweiler op d’Plaz geruff ginn.

Géint 21.45 Auer ass um CR328 bei Eschweiler Richtung Café Halte en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsservicer vu Wolz waren am Asaz.

En Dënschdegmoie géint 5.09 Auer gouf eng weider Persoun blesséiert, wéi sech op der A13 a Richtung Helleng en Auto iwwerschloen huet.

Um 8.12 Auer sinn an der Stad zwee Cyclisten aneneegerannt, woubäi et och ee Blesséierte gouf. Kuerz drop gouf et dann nach e Blesséierten um Stafelter, wéi hei e Gefier am Gruef gelant ass.

Back to Top
CIM LOGO