CGDISEng Persoun zu Dikrech ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 10 Auer gouf an der Ettelbrécker Strooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss.

D’Rettungsdéngschter aus der Nordstad a vu Réiden hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.

Zu Keel huet sech e Sonndeg den Owend en Auto iwwerschloen. Geschitt ass den Accident kuerz virun 19 Auer. Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune verwonnt.

Géint 19.40 Auer stoung zu Welsdref bei Colmer Bierg, e Koup Holz a Flamen. Och do gouf et dem Bulletin vum CGDIS no, ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO