VIDEO: FamilljepolitikEng Politik vun der Kontinuitéit an dem Entgéintkommen

Joel Detaille
D'Familljepolitik vun dëser Regierung wäert eng vun der Kontinuitéit aus de leschte 5 Joer sinn.
Familljepolitik vu Kontinuitéit an Entgéintkommen
Méi Zäit fir d'Kand duerch eng adaptéiert méiglech Deelzäitaarbecht, Flexibilitéit beim Congé parental oder gratis Kannerbetreiung.

Méi Zäit fir d'Kand duerch eng adaptéiert méiglech Deelzäitaarbecht, Flexibilitéit beim Congé parental oder gratis Kannerbetreiung goufe beispillsweis e Mëttwoch de Moien, bei der Presentatioun vum Regierungsprogramm, an der zoustänneger Chamberkommissioun, thematiséiert.

T'geet drëms de Famille méi entgéint ze kommen, sot et de President vun der Kommissioun, den DP-Deputéierte Max Hahn, och a Punkto gratis Kannerbetreiung, e Volet, dee jo och an der Educatioun traitéiert gouf. Dës Kannerbetreiung wäert selbstverständlech iwwert de Staatsbudget finanzéiert ginn.

Max Hahn - Finanzéierung vun der Kannerbetreiung

Fir d'LSAP-Ost-Deputéiert Tess Burton ass d'Zil vun dësem Exercice en Zesummespill mam Educatiounsministère.

Tess Burton - Zesummespill mam Educatiounsministère

D'CSV an de Georges Mischo géifen sech eng gratis Kannerbetreiung wënschen, och ausserhalb vun de Schoulzäiten, eppes dat bis ewell jo nach net virgesinn ass.

Georges Mischo - gratis Kannerbetreiung

Aarmut evitéieren a jidderengem eng Autonomie ze erméiglechen, wieren e Mëttwoch de Moie weider Schlagwierder gewiescht, déi Partei-iwwergräifend op Zoustëmmung gestouss sinn.

Back to Top
CIM LOGO