Uechtert LandEng Rei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch goufen eng Rei Accidenter an Abréch uechtert Land gemellt. An der Stad gouf et dann och e Verstouss géint d'Covid-Gesetz.
Accident Tunnel Stafelter A7
Accident Tunnel Stafelter A7
© Roland Miny / RTL

Eng Rei Accidenter

Géint 18.45 Auer um Dënschdeg ass um Boulevard General Patton an der Stad en Automobilist an eng Mauer gerannt, deen a Richtung Rue Marie et Pierre Curie ënnerwee war. Doropshi gouf d’Gefier géint en aneren Auto zréckgeschleidert, dee bei der rouder Luucht stoe bliwwe war. Nom Accident ass de Chauffer vum accidentéierte Gefier a Richtung Bouneweg geflücht, wou e kuerz drop vun der Police ermëttelt konnt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

E Mëttwoch géint 7.40 Auer koum et zu Colmer-Bierg zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Zwou Persoune goufe blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Colmer-Bierg, Ettelbréck an Dikrech waren op der Plaz.

Och am Tunnel Stafelter op der A7 koum et e Mëttwoch géint 10.50 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei blouf et bei engem Blesséierten. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Lëntgen, Nidderaanwen an aus der Stad.

Géint 14.50 Auer e Mëttwoch koumen e Bus an e Camion op der A7 a Richtung Stad op der Héicht vum Waldhaff net laanschteneen. Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad, Luerenzweiler a vun Nidderaanwen versuergt.

Abréch uechtert Land

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch koum et dann och zu jeeweils engem Abroch am Garer Quartier an um Belair. Um Houwald gouf ënnert anerem en elektresche Vëlo aus engem Keller matgeholl. Weider Versich goufen dann am Neiduerf, zu Beetebuerg an am Garer Quartier gemellt.

Alkoholiséierte Mann stéiert Busverkéier

En Dënschdeg géint 18 Auer gouf bei der Bus-Gare op der Place de la Gare an der Stad eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi sech geweigert huet d’Maskeflicht am Bus ze respektéieren an aner Passagéier ugepöbelt huet. De Mann gouf vun der Police kontrolléiert a koum wéinst sengem Zoustand an de Passagearrest. Wéinst dem Verstouss géint d’Covid-Gesetz gouf hie protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO