Am LokalenEng Rei Automobiliste wéinst Alkohol um Steier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Donneschdeg eng ganz Rei Automobilisten erwëscht, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© afp

En Donneschdeg am Nomëtteg ass enger Automobilistin zu Monnerech ee Chauffeur opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass. D’Beamte konnten de Mann, dee mat Gläichgewiichtsstéierungen ze kämpfen hat, kontrolléieren. En Alkoholtest huet gewisen, datt de Mann déi iewescht Limitte bal ëm dat dräifacht iwwerschratt hat. Hien huet säi Fürerschäin doropshi missten ofginn.

Owes géint 19.30 Auer ass et engem anere Chauffeur op der Hepperdangerstrooss zu Ischpelt net vill anescht gaangen. Och hien ass a Schlaangelinnen duerch d’Géigend gefuer, bis d’Police hie gestoppt huet. En Test huet gewisen, datt hien duebelt esou vill Alkohol a sengem System hat, wéi maximal erlaabt. Hien huet d’Beamte beleidegt, mä gehollef huet et net: Och hie misst säi Fürerschäin ofginn. An der Rue de l’Industrie um Wandhaff huet d’Police nach ee weidert provisorescht Fuerverbuet wéinst Alkohol um Steier ausgeschwat.

Am Süde vum Land waren eng Rei Beamten iwwerdeems op der Sich no Abriecher, wéi si op een Auto opmierksam gi sinn. Bei enger Kontroll huet sech dunn erausgestallt, datt de Chauffeur net just ze vill gedronk hat, mä och schonn ee Fuerverbuet géint sech ausstoen hat. Dem Auto seng Contrôle Technique war ausserdeem schonn e puer Méint laang ofgelaf an den Automobilist konnt keng gülteg Versécherung virweisen. D’Beamten hunn doropshin de Parquet kontaktéiert an den Auto gouf saiséiert.

De CGDIS mellt dann nach en Accident géint 16.45 Auer zu Éinen an der Route du Vin. Hei hate sech zwee Ween ze pake kritt, zwou Persoune goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO