
Bei néng Kontrolle war den Test positiv, an engem Fall war och de Permis op der Plaz fort.
Op véier anere Plaze krute Leit de Führerschäin ofgeholl, déi ze vill gedronk haten a sech opfälleg beholl hunn. Zu Bieles gouf e Samschdeg de Mëtten eng Persoun kontrolléiert, déi de Permis ewell virun engem Joer ofgeholl kritt hat an nees alkoholiséiert gefuer ass. D’Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.
Zu Diddeleng koum et hënt zu enger Kläpperei, bei där och Leit blesséiert goufen. Wéi et vun der Police heescht, wier eng Kläpperei tëschent engem Mann an enger Fra ausgebrach. Wéi zwee Zeie versicht hätten, dotëscht ze goen an der Fra ze hëllefen, wier et zu weideren Handgräiflechkeete komm. Wie blesséiert gouf, gëtt net präziséiert. D’Beamten, déi d’Ausernanersetzung opgebrach haten, hätten awer festgestallt, datt de Mann alkoholiséiert war a wuel mam Auto op Diddeleng gefuer war. Hie krut de Permis ofgeholl.
Zu Wolz war en alkoholiséierten Automobilist mam Kapp op der Tut ageschlof an op der Nordstrooss war e Chauffer deen ze vill gedronk hat am Zickzack ënnerwee an huet bal e puer Accidenter ausgeléist.
Zu Haassel gouf et iwwerdeems an der Nuecht op e Sonndeg kuerz no 1 Auer en Accident mat engem Blesséierten, dat mellen d’Nout- a Rettungsdéngschter. Eng Persoun war mam Auto an e Potto gerannt.
De CGDIS mellt dann och nach en Accident de e Sonndeg de Moie fréi um Belair mat engem Blesséierten. Zwee Autoe ware géint 4.50 Auer an der Avenue Gaston Diderich anenee gerannt.