StatecEng Stonn Main-d'oeuvre huet zu Lëtzebuerg 2022 am Schnëtt 50,7 Euro kascht

RTL Lëtzebuerg
Am deierste kascht d'Aarbecht am Finanzsecteur, am mannsten am Horeca a bei administrativen Aktivitéiten, respektiv Servicer fir z’ënnerstëtzen.

Dat schreift de Statec en Dënschdeg an enger neier Publikatioun. Tëschent 2016 an 2020 sinn d’Käschten an der Moyenne ëm gutt 5 Prozent d’Joer geklommen. Wärend der Pandemie sinn d’Stonnen, an deenen effektiv geschafft gouf, ëm 10 Prozent erofgaangen. Dofir ass eng Stonn Aarbecht tëscht 2020 an zejoert ëm gutt 3,5 Prozent méi deier ginn.

Gutt 86 Prozent vun de Käschte fir Main-d’oeuvre bestinn aus dem Salaire. Knapps 14 aus de soziale Cotisatiounen, déi den Employeur bezilt. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner an der EU, an deenen eng Stonn Aarbecht am meeschte kascht.

Back to Top
CIM LOGO