Transitioun fir LëtzebuergEng Visioun fir Lëtzebuerg schafen

Tim Morizet
Dat ass d'Zil vun enger neier Consultatioun, déi eng méi gréng an ekologesch Transitioun fir Lëtzebuerg bis 2050 soll entwéckelen.

Dat mat engem grouss Opwand, ewéi den zoustännege Landesplanung-Minister Claude Turmes bei der Presentatioun vum Oflaf preziséiert huet.

Transitioun fir Lëtzebuerg / E Reportage vum Tim Morizet

800.000 Awunner bis 2050 am Grand-Duché, dat soen op d'mannst déi rezentste Modeller vum Statec viraus. Dat bréngt natierlech gréisser Problemer mat sech, besonnesch beim Amenagement vun engem Territoire esou kleng ewéi deen zu Lëtzebuerg, erkläert de Claude Turmes.

“An dat ass eben och fir esou e klengt Land ewéi Lëtzebuerg mat esou enger dynamescher Wirtschaft, immens wichteg eis knappste Ressource, den Terrain, datt mer wierklech gutt sinn an der Rekonversioun.”

Et géif virun allem drëms goen, d’Land an d’Societéit prett fir déi grouss Hürde vun der Klima an der Biodiversitéits-Kris ze maachen.

“Mir mussen esou séier ewéi méiglech op null CO2-Emissioune kommen. Dat ass eng fantastesch Erausfuerderung. Déi natierlech och e Risen-Impakt huet, op wéi organiséieren ech mäin Territoire.”

Bis Enn 2021 schaffen eng 10 Eqkppen aus urbaner Architektur an Ëmwelt-Ingenieursbüroen aus der ganzer Welt ënnert der Opsiicht vun engem Comité Scientifique un hirer Versioun vum Land Lëtzebuerg an der Connectioun mat der Groussregioun.

An annerhallwem Joer, um Enn vun der 3. Etapp vum Prozess, bleiwen dann nach 3 Ekippen iwwereg, déi hir Iddien da virstellen, déi ganz variabel kënne sinn.

“Mir hunn zum Beispill eng Ekipp dobäi, déi sich wierklech komplett drop spezialiséiert huet, gewëssen Infrastrukturen ze kondenséieren. Dat ass an de Stied eng grouss Erausfuerderung a spuert spéiderhin extreemst u Plaz, mä och u Suen.

Och d’Bierger solle konkret mat an de Projet agebonne ginn, esou den zoustännege Minister. 35 bis 40 Persoune sollen iwwert TNS ILRES fonnt ginn an hir Meenung zu de Projeten mat ofginn.

1,4 Milliounen Euro kascht d‘Prozedur op 2 Joer verdeelt. D’Iddien, déi am Prozess entstinn, sollen an de “Programme directeur” vun der Landesplanung afléissen a punktuell ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO