
D’Federatioun vun de Psychotherapeuten an d’Gesondheetskeess verhandele scho jorelaang mateneen iwwert de Remboursement vu psychotherapeuteschen Therapien, mä en Accord schéngt nach ëmmer wäit ewech ze sinn.
Net deen eenzege Knackpunkt awer eventuell dee gréissten ass d’Tarifrecommandatioun, déi d’Fapsylux am Fréijoer un hier Membere gemeet hat.
Si hat recommandéiert 175 Euro pro Seance ze froen. D’CNS hat deemools grouss gekuckt, hat Entrevuë mat der Fapsylux fir ze verstoen, wou deen Tarif hierkënnt, mä trotz Echange ass de Problem net geléist, seet de President vun der CNS.
Christian Oberlé: “Et ass sécher fir eis, datt do wou d’Tariferwaardunge vun der Fapsylux elo stinn, do kënne mer net domadder d’Accord sinn. Déi sinn einfach ze wäit ewech vun enger normaler Nomenclature, wéi mer se och deenen anere Professions de soins bezuelen.”
Deen d’Tarif, deen d’Fapsylux gär hätt, kënnt awer net vun ongeféier, seet déi nei Presidentin vun der Federatioun vun de Psychotherapeuten, d’Catherine Richard. Déi 175 Euro wieren net just fir déi 50 bis 60 Minutten ze remuneréieren an deenen de Psychotherapeut direkt mam Patient schafft, mä och fir déi indirekt Aarbecht.
Catherine Richard: “Dat heescht Preparatioun, Dokumentatioun, mir musse Supervisioune maachen, eis Comptabilitéit, Recherchen, mir tauschen eis mat anere Professionellen aus, mir tauschen eis ënnerteneen aus. Dat hëlt alles vill Zäit.”
Aus deem Grond kann e Psychotherapeut, dee voll schafft och keng 8 Patienten den Dag oder 40 d’Woch gesinn, wéi d’Gesondheetskeess dat géif mengen, seet d’Presidentin vun der Fapsylux a betount, datt een an där Zäit an där een am Gespréich mam Patient ass, och zu 100 Prozent muss konzentréiert sinn. Op de Patient a seng -ganz dacks- schlëmm Geschicht.
8 Stonnen den Dag wier dat net méiglech.
Catherine Richard: “Do ginn et och Statistiken aus dem Ausland. An Däitschland ass de Remboursement schonn zënter den 1990er Joren duerch a Statistike vun den däitsche Krankekeese soen 22-24 Patienten an der Woch gi geleescht, fir eng Vollzäittâche an dat kënne mir och esou ënnerschreiwen.”
Mat deenen 175 Euro, déi d’Fapsylux hire Memberen recommandéiert wëll d’Federatioun och op den Equivalent vu Beruffskolleegen kommen, déi an enger Institutioun schaffen.
D’Demande fir eng Psychotherapie gëtt ëmmer méi grouss, weess d’Presidentin vun der Fapsylux, grad elo no Covid. Et wier en Drama, datt verschidde Leit sech dat net kéinte leeschten, mä Sputt bei den Tarifverhandlungen géif et kee ginn.
120 Euro pro Seance, déi d’CNS virschléit si fir d’Psychotherapeuten net realistesch. Si hoffen op eng séier Léisung an op d’mannst dat hu se mat der Gesondheetskeess gemeinsam. Och de President vun der CNS well datt et elo ganz séier viru geet.
Christian Oberlé: “Dat heescht awer net, datt mer an enger Tarifdiskussioun egal wat acceptéieren. Dass et séier weidergeet, dat wëlle mer. Mir hunn och eng Ekipp, déi de Summer duerch schafft, d’Fapsylux och. Elo am Summer gëtt weider diskutéiert, un der Konventioun geschafft, dass dat sou séier wéi méiglech dono operationell ass.”
D’Diskussioun iwwert en Tarif misst iergendwann virugefouert ginn, seet de Christian Oberlé.
D’Presidentin vun der Fapsylux huet am Interview mat RTL och drun erënnert, datt dat net deen eenzege Knackpunkt ass. Et géif zum Beispill och nach ëmmer driwwer diskutéiert, wéi eng Pathologien rembourséiert ginn a wéi eng Alterskategorië vu Patienten.
Den Ausschloss vun de Systemiker wier donieft och nach net vum Dësch.