Dat op der Presentatioun vum Rapport vum Observatoire vun der Egalitéit. Eng méi enk Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère wier néideg. D’Monica Camposeo war bei der ëffentlecher Konferenz am Centre Hospitalier mat dobäi.
Et ginn eng ganz Rei Beispiller an der Medezin, wéi sech Symptomer jee no Geschlecht anescht bemierkbar maachen. Geféierlech gëtt et, wa verschidde Symptomer net genuch bekannt sinn an doduerch net direkt erkannt ginn.
Esou gi beispillsweis Frae bei engem Häerzinfarkt ëmmer nach eng hallef Stonn méi spéit an d’Urgence ewéi Männer, erkläert d’Prof. Dr. Vera Regitz-Zagrosek vun der Berliner Charité. Si war fir d’Konferenz als Expertin agelueden. An dës Verspéidung ka grave Konsequenzen hunn. En Häerzinfarkt verleeft bei Frae méi dacks déidlech ewéi bei Männer, obwuel Frae méi seelen en Häerzinfarkt kréien. Dat si ganz seriö Resultater, esou d’Yuriko Backes. Si huet et och interessant fonnt, dass op der Konferenz ëmmer nees de wirtschaftleche Facteur vun dësem Handelen ugeschwat gouf. Dat sot d’Ministesch am RTL-Interview no der Presentatioun am CHL. De Fait, dass d’Medezin net geziilt op déi verschidde Geschlechter kuckt, wierkt sech allgemeng op d’Gesellschaft aus.
Et wier nach e wäite Wee, ma dee wëll de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit mam Gesondheetsministère zesumme goen. Och am Kader vun der mentaler Gesondheet.
Ëmfroen no hu Frae méi dacks mat enger schlechter Balance tëscht hirem Privatliewen an der Aarbecht ze kämpfen. Eng Belaaschtung, déi sech och duerch psychesch Problemer weise kann. Ma statistesch siche sech Fraen an dësem Beräich éischter Hëllef. Wärend Frae méi dacks vun Depressioune betraff sinn, ginn et ënnert de Männer méi Suiciden. Eng Erkenntnis, déi ganz eescht muss geholl ginn, war op der Konferenz ze héieren.
Wat feelt, wier eng geziilt Fuerschung an Opklärung, souwuel fir Frae wéi och fir Männer. Mee wisou ass dat ëmmer nach esou? Der Prof. Dr. Vera Regitz-Zagrosek no ass just déi traditionell männlech Approche an der Medezin och haut nach um Terrain Realitéit. Dat virun allem well et u weiblechen Dokteren op héije Positioune feelt. Doduerch géing et och um Interessi u genderspezifescher Fuerschung feelen. Virun allem duerch d’Schwangerschaft géinge vill weiblech Dokteren an hirer Karriär gebremst ginn.
En Ënnerscheed, deen am Rapport vum Observatoire de l’Egalité och ganz däitlech ervirkënnt, ass dee vun der haislecher Gewalt.
Frae sinn däitlech méi dacks betraff wéi Männer. Egal ob et sech ëm physesch oder psychesch Gewalt handelt. Bei de Mineuren allerdéngs gëtt et keen Ënnerscheed tëscht de Geschlechter. Lëtzebuerg soll och en éischten nationale Plang kréien, fir besser ze erfuerschen, wéi ee Geschlecht vu wéi enger Zort vu Gewalt betraff ass. Doriwwer eraus wäert den Observatoire de l’Egalité weider Donnéeë sammelen, betount déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes. Well all politesch Decisioun ëmmer Zuele brauch, fir ze wëssen, wou Handlungsbedarf ass.
A genee dat weist de Rapport vum Observatoire, deen dës Woch presentéiert gouf, op. Elo géing een d’Zesummenaarbecht mat der Santé ugoen, esou nach d’Yuriko Backes. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez ass net bis zum Schluss vun der Presentatioun bliwwen. Ma an hirer Ried huet och si ënnerstrach, dass an der Medezin méi op déi geschlechtsspezifesch Besoine muss gekuckt ginn.