Ass et een, oder sinn et méi Brandstëfter, déi um Wierk sinn an et op Autoen awer och Container an eidel Halen ofgesinn hunn? Déi Fro stellt sech, no den Dosende vu Bränn an de leschte Méint. Eleng bannent de leschte 14 Deeg goufen ronderëm Hesper 11 Autoen a Brand gestach a goufe komplett zerstéiert.
D'Police enquêtéiert an d'Serie vu presuméierter Brandstëftung stellt eng Prioritéit fir d'Beamten duer. Dat äntwert de Minister fir d'bannenzeg Sécherheet François Bausch op eng urgent parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Adehm a Gloden.
Wéi et heescht, gëtt d'Enquête vun der Sektioun vun den "Enquêtes spécialisées" vun der PJ geleet, wou 7 Polizisten um Dossier schaffen. Weider Informatioun ginn et keng, wëll de Secret de l'instruction natierlech gëllt.
2 verbrannten Autoen e Sonndeg um Houwald an zu Duelem, e Freideg waren et der 3 zu Alzeng - Autoe vun enger Firma aus dem Fleege-Beräich. Fir d' 2. Kéier iwwregens waren et Gefierer vun där Branche, déi, aller Wahrscheinlechkeet no, ugefaange goufen.
Vum 30. Dezember zejoert bis den 13. Januar sinn 11 Gefierer duerch Feier komplett zerstéiert ginn. An dat ass net alles, och an de Méint virdru goufen et Bränn en Serie, net just vun Autoen, mä och vu Containeren, Poubellen a Schäpp. Ee mol war et souguer eng Camionnette mat 2 Gasfläschen u Bord, déi gebrannt huet, glécklecherweis awer net explodéiert ass.
Brandstëftung ass kee Kavaléiersdelikt. D'Strofe variéieren awer deemno wou a wéini et geschitt. Wann d'Feier a bewunnte Raimlechkeete geluecht gëtt, da muss ee mat 15-20 Joer Prisong rechnen. Wann et an der Nuecht geschitt, ass ee souguer bei liewenslänglechem Prisong.
Wann awer elo "just" eng Poubelle oder soss en Objet op fräiem Feld verbrannt gëtt, da ginn d'Strofe vun 1 Mount bis 3 Joer.
Well d'Virfäll vun der Police judicaire enquêtéiert ginn, gouf d'Comment-Funktioun zougemaach. Merci fir d'Versteesdemech.