
Sou gouf dem Ministère vun der Direktioun vum Diddelenger Lycée Nic Biever matgedeelt, datt eng Chargée d’enseignement eng sexuell Relatioun mat engem erwuessene Schüler hätt. Do dernieft hätt d’Enseignante en zweete Schüler kontaktéiert, fir och mat him esou eng Relatioun unzefänken.
Aus dem Educatiounsministère heescht et op RTL-Nofro, datt ee sou Faiten extrem eescht hëlt.
Et wier inadmissibel, wann et zu esou Faite kënnt, datt deen implizéierten Enseignant nach am Staatsdéngscht géif bleiwen, esou den Educatiounsministère.
De Ministère huet dofir och direkt déi éischt Schrëtt en vue vun enger Procédure de résiliation vum Kontrakt vun der Chargée aus dem LNB lancéiert.