Minister Claude Meisch zitt de BilanEnseignement supérieur: "Missioun erfëllt"

Jean-Marc Sturm
Et war deemools schonn eng schwéier Gebuert: haut feiert d'Uni Lëtzebuerg hir 20 Joer.
© Didier Weber

Et hat ee sech dräi Zieler gesat: akademesch Formatioun, Fuerschung an d’Land a mat gutt forméierte Leit d’Recherche weider ze bréngen. Där Missioun gëtt d’Uni.lu gerecht, seet den Héichschoulminister Claude Meisch.

“D’Uni.lu huet eng ganz Rei vu Missiounen erfëllt: D’Qualitéit an der Ausbildung, méi Jonker auszebilden op engem akademeschen Niveau... och Jonker vu Baussen unzezéien. Dann, ganz besonnesch Exzellenz an der Recherche ze erreechen, an do Lëtzebuerg op déi international Landkaart vun der Recherche ze setzen. A gläichzäiteg och ze kucken, dass dat alles een Impakt huet fir eist Land, dass d’Entwécklung vun eisem Land, déi gesellschaftlech, déi sozial, déi wirtschaftlech Entwécklung, dovunner ka profitéieren”Neit Element an der Offer vun der Uni Lëtzebuerg ass de Bachelor fir de Beruff vum Enseignement an der Grondschoul. Aner Voleten, op déi een op der Uni an am Ministère nawell houfreg ass, betrëfft de Beräich Infirmerie. Dobäi kommen de Bachelor-Parcours an och verschidde Spezialisatiounen an der Medezin.

De Claude Meisch ass perséinlech dofir, bei de Medezin-Studien de Wee vun engem ganze Master-Studiegang anzeschloen. Dat wier awer net just eng politesch Decisioun, well villes hannendrun hänkt mat villen Acteuren, wéi zum Beispill de Spideeler fir déi klinesch Ausbildung, zesummen.

De Ressortminister huet weider ënnerstrach, dass fir d’akademescht Joer 2022/23 iwwer 33.000 Studenten eng Bourse accordéiert kritt hunn.

PDF: Chiffres clés de l'enseignement supérieur

Back to Top
CIM LOGO