Ma ganz dacks feelt et engem un der Iddi oder et traut ee sech net de Risiko anzegoen. Dobäi ginn et hei am Land Strukturen, déi een dobäi ënnerstëtze kennen.
Zwou jonk Fraen, déi dat richtegt Konzept hunn, sinn d‘Charlotte Wirion an d‘Imeshi Weerasinghe. Nodeems si zesummen op der Uni zu Bréissel hiren Doktorat am Beräich vun der Ëmwelt gemaach hunn, hate si d‘Iddi, d‘Methoden, déi op der Uni gebraucht ginn, fir Daten ze sammelen, esou ze analyséieren, dass Stied a Gemengen dovunner profitéiere kënnen. Hir konkret Iddi: Informatiounen vu Satellittebiller analyséieren an domadder schaffen, fir e bessert Ëmweltkonzept op d’Been ze stellen.
Zanter Ufank 2020 sti si elo op eegene Been a goufen direkt mat der Pandemie konfrontéiert. Dat koum hinnen awer éischter geleeën an och nach elo si si der Meenung, dass et deen ee perfekten Zäitpunkt net gëtt.
„Mir hu gestart wou de Lockdown ugefaangen huet. Dat heescht, et wor elo net an deem Sënn deen optimalen Zäitpunkt, mee fir ons wor et dat awer, well mir konnten zimmlech lues, zimmlech einfach starten. Mir woren zu zwee. Mir konnten d‘Leit, déi mir wollten treffen all online treffen, dat heescht dat ass och méi einfach. Et muss een net iwwerall hifueren.“
Mëttlerweil si si zu 8 an der Ekipp an dat heescht awer och, dass um Enn vum Mount jiddereen op seng Pai ugewisen ass an déi aktuell Situatioun mécht dat net ëmmer méi einfach. Elo hätte si nach Chance, dass si e Service verkafen, deen hir Clienten, déi meescht si Gemengen hei am Land, nach ëmmer als wichteg genuch empfannen a si sou genuch Business hunn.
„Mee effektiv generell huet déi ganz Inflatioun an déi ganz budgetär Situatioun e groussen Impakt an d‘Prioritéiten ginn och anescht gesat. Wann d‘Gemengen hire Budget plangen sinn och do aner Prioritéite mat dran. Mee ech mengen awer mëttlerweil ass déi Problematik vum Klimawandel esou present, bei ons op d’mannst, dass dat awer net ze wäit ënner gedréckt gëtt.“
Eng Entreprise bei deenen et nach e bëssen anescht ausgesäit, ass “Lëtzeburger”. Gestart hu si 2018 mat der Iddi, fir um Schoulhaff de Schüler nach eppes anescht unzebidden, wéi d’Schoulkantinn. Burger aus dem Foodtruck. Ware si selwer do nach an der Schoul, ass d‘Iddi vun der eegener Firma ëmmer méi konkret ginn a mat der Pandemie koum fir si, déi en Foodtruck haten, an sou no an awer och wäit genuch ewech vun de Leit waren, en richtegen Opschwong. Haut zielen si 4 Foodtrucks, zwee si mobil an zwee sinn op zwou fixen Plazen. Si hunn eng Ekipp vun 46 Mataarbechter, ma d‘Inflatioun brennt hinnen e Lach an de Budget. Virun allem elo, wou si am September lescht Joer eng grouss Hal gelount hunn.
„Dat ass elo e bëssi méi blöd, well mir elo an eng grouss Hal gezu sinn an elo nach méi Stroum brauchen, nach méi Gas an nach méi hei an nach méi do. Dat ass wierklech e bëssen méi ellen. D‘Präisser si wierklech enorm eropgaangen, fir alles. Och a Punkto Payen mat den Indextranchen. All d‘Fournisseuren hunn d‘Präisser vun all eenzelen Produit erhéicht. Dat heescht mir hunn iwwerall méi ze bezuelen, fir eis Marchandise a mir kënnen awer net nees d‘Präisser vun eise Burger eropsetzen, well de Leit gefält dat natierlech net a mir mussen elo kucken, wéi laang mir déi nach hale kënnen. Well d‘Präisser vun de Fournisseuren an d‘Salairen fänken un eis ze zerquetschen.“
A sou wéi hinnen geet et méi Betriber den Ament am Land. An dat fënnt sech och an den aktuellen Zuelen erëm. Et gëtt aktuell eng Hausse vu 5% par Rapport zum 1. Trimester 2022. 287 Entreprisen hunn eng Faillite deklaréiert an 312 si liquidéiert ginn an deenen éischten 3 Méint vun dësem Joer. Den A an O wier dofir, sech frei genuch Hëllef ze sichen. Sief et am Virfeld vun der Kreatioun vun enger Entreprise, wärend deem Prozess oder och nach Joren duerno. Eng Dier, un déi een als Entrepreneur ëmmer ka klappen, ass déi vum House of Entrepreneurship. D‘House of Entrepreneurship gëtt et zanter 2016 a gouf lancéiert vun der Chambre de Commerce zesummen mam Wirtschaftsministère. Et ass en zentréierten an nationale Kontaktpunkt fir Entrepreneuren, wou si zu all Zäitpunkt kënnen hikommen. Hei kréien si vum Personal vum House of Entrepreneurship, awer och vun externen Experten, aus alle méiglechen Beräicher, wéi aus de Finanzen oder der Justiz, Ënnerstëtzung an all hire Froen. Dobäi kommen, dass reegelméisseg Workshops an Atelieren ugebueden ginn, wou een sech weider forméieren kann an och schonn déi jonk sollen an der Schoul an an de Lycéeën mam Entrepreneuriat frrei a Kontakt kommen.
An de Wëlle fir op eege Been ze stoen ass och trotz Kris nach ëmmer do. Zanter 2015 huet sech d’Zuel vun der Grënnung vun neien Entreprisen méi wéi verduebelt. Goufen 2015 eng ronn 300 nei Entreprisen gegrënnt, louch dës Zuel 2021 scho bei knapp iwwer 700.