D'Pandemie war keng gutt Zäit, fir eng nei Entreprise ze grënnen. Bis an de leschten Hierscht era goufe manner Entreprisen ewéi déi Jore virdru constituéiert. 2020 waren et 2.000 nei Kreatiounen. Dat sinn der 1.500 manner ewéi nach déi Joer virdrun. D'Entrepreneure (awer) bleiwen d'Réckgrat vun der Lëtzebuerger Ekonomie, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles bei der Presentatioun vum Global Entrepreneurship Monitor, kuerz GEM – e Bilan iwwert déi rezent Aktivitéiten am Secteur aus 45 Länner. Dëse gëtt vum Statec zu Lëtzebuerg koordinéiert.
Europawäit huet d'Covid-19 Pandemie déi ekonomesch Aktivitéiten an Entreprenariat negativ beaflosst. Am Grand-Duché ware wärend der Kris d'lescht Joer just nach 8 vu soss 10% vun de Salariéë bei entrepreunarialen Aktivitéiten täteg.
Déi finanziell Hëllefe vu Säite vun der Regierung hätte Schlëmmeres verhënnert, preziséiert de Lex Delles. Bis ewell goufe 411 Milliounen Euro un Aiden ausbezuelt.
„Datt déi Aiden, déi gebraucht gi sinn, och wierklech ukomm sinn, weist de Global Entrepreneurship Monitor. De Grand-Duché huet europawäit deen héchste Pourcentage un Zoustëmmung fir déi staatlech Hëllefsmesuren. Bei der Ëmfro ginn d'Lëtzebuerger Betriber un, datt se zu 76% zefridde mat de Mesure sinn. D'Moyenne an Europa läit bei 46%.“
Beim Schafe vun neien Entreprisë waren et awer virun allem d'Fraen, déi manner gutt ewechkommen, esou de Constat vum Rapport. Dëst géif virun allem dru leien, datt Frae wärend der Kris méi Zäit doheem bei hire Famillje misste verbréngen, respektiv den Homeoffice dacks schwéier mat neie Projeten ze kombinéiere war.
Zanter ugangs dës Joers geet et generell awer nees biergop. An den éischte 5 Méint vum Joer hätten dem Rapport no vill jonk Entrepreneuren nei Opportunitéite fir sech entdeckt. Ronn 30% schwätze vun engem aktuell gudden Environnement, fir nei Konzepter ëmzesetzen. D'Kreatioun vun neien Entreprisen an där Period ass ëm 20% geklommen.
„Bis Mee hate mer schonn e staarken Dynamismus mat villen Enregistrementer vu Betriber. Dat stëmmt eis ganz optimistesch. Dat passt och bei eis Prognos vun enger universeller Croissance zu Lëtzebuerg vu 6%.“
D'Zuel vu Betriber, déi zougemaach hunn, war 2020 net méi héich ewéi déi Jore virdrun. Bei deenen, déi hu missen zoumaachen, war just bei 12% d'Pandemie de Grond, esou d'Resultat aus der Ëmfro.
Et misst ee sech elo Gedanken iwwert d'Zäit no der Kris maachen, esou nach de Mëttelstandsminister. Et wier un der Zäit, d'Hëllefe gemittlech auslafen ze loossen. De Projet de Loi fir d'Aiden bis Oktober ze verlängeren, fir déi Secteuren, déi am stäerkste betraff sinn, gëtt d'nächst Woch an der Chamber traitéiert.
Zu Lëtzebuerg ginn et eng ronn 35.000 Betriber mat enger ronn 210.000 Salariéen.