Kënnt d'Leerstandssteier?Esch am Kampf géint eidel Geschäfter

Anne Wolff
D'Online-Konkurrenz an d'Inflatioun suergen derfir, dass d'Geschäfter an de Stadzentren an d'Struewele kommen.
Esch am Kampf géint eidel Geschäfter
D’Online-Konkurrenz an d’Inflatioun suergen derfir, dass d’Geschäfter an de Stadzentren un d’Struewele kommen.

D’Loyere sinn héich an d’potenziell Clientèle ass méi spuersam ginn. Traditiounsgeschäfter verschwannen an et fënnt sech nëmme schwéier en Nofollger fir d’Lokalitéit ze iwwerhuelen. Fir dem Leerstand a sengem Stadkär eppes entgéintzesetzen, wëll d’Stad Esch elo als Virreider hei am Land op en ongewéinleche Wee goen: Mat enger Leerstandstax solle retizent Proprietären incitéiert ginn, hiert Lokal op de Marché ze ginn.

Déi soll haaptsächlech d’Geschäftslokaler um Rez-de-chaussée an der Uelzechtstrooss treffen. 21 vun 115 Lokaler stinn eidel. Wierklech onkooperativ wieren awer just zwee Fäll, erkläert de Schäffe fir Ekonomie Pim Knaff (DP).

Déi Tax soll am éischte Joer eng 20 Prozent vum Duerchschnëttsloyer an der Strooss ausmaachen, duerno da 50 Prozent.

D’Propos läit aktuell beim Inneministère. Do muss d’Gemeng beleeën, wat fir e Schued hir duerch de Leerstand entsteet. De Buergermeeschter Christian Weis (CSV) ass optimistesch, dass d’Propos am zweeten Ulaf d’Strooss hält. Et géif engersäits de finanzielle Volet ginn, do léich ee mat all de Mesure fir de Commerce unzekuerbele bei 2,5 Milliounen Euro d’Joer. Ma donieft wieren et och déi negativ Schlagzeilen. Dat géif der Attraktivitéit vun Esch schueden.

Et misst een awer relativéieren, wat de Leerstand ugeet, erkläert de Pim Knaff: Déi meescht Proprietäre wiere gewëllt, hiert Lokal ze verlounen. Eng 10 Lokalitéite géifen aktuell och renovéiert, fir konform ze ginn.

Donieft hätt ee scho verschidde Mesuren duerchgesat, fir d’Geschäftswelt ze dynamiséieren: Zum Beispill Pop-Up-Storen, wou nei Geschäfter fir sechs Wochen eng Fënster gebuede kréichen. An Analogie zu der Gestion Locative Sociale hätt een eng Gestion Locative Commerciale an d’Liewe geruff, wou d’Gemeng als Intermediaire fir dräi Joer en Deel vum Loyer iwwerhëlt an d’Lokalitéit fir d’Commerçanten deementspriechend méi bëlleg gëtt.

D’Geschäftsleit, mat deene mir geschwat hunn, wollten anonym bleiwen. Si zielen awer, d’Loyere wieren net deen eenzege Problem. Och géingen d’Cliente sech an der Stad entweder net sécher spieren, oder de Parking wier hinnen ze deier. Dobäi kéim d’Online-Konkurrenz an d’Konkurrenz vum Akafszenter um Belval.

D’Tax ass deemno keng Wonnerléisung, dat weess och d’Gemeng. Dofir beréit een aktuell driwwer, wéi een d’Uelzechtstrooss nach beliewe kéint - villäicht och duerch baulech Mesuren. Ob a wéi genee, wéilt een an den nächste Méint decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO