Europäescht Joer vun der JugendEscher Meedercherslycée invitéiert Schüler aus der EU

Tim Morizet
Nach dës ganz Woch ass am Lycée Hubert Clement déi grouss VIC-Konferenz ënnert dem Titel: Europäesch Jugend: Valeuren, Identitéit a Kultur.

Déi ganz Woch iwwer treffe sech Schoulen aus ganz Europa zu Esch fir u verschiddenen Atelieren deelzehuelen. Fir dat europäescht Joer vun der Jugend wënscht ee sech virun allem méi Matsproocherecht. Direkt vun enger ganzer Delegatioun an dem Grand-Duc an der Grand-Duchesse goufen déi 45 Schüler aus ënner anerem Dänemark, Griicheland, Holland an Éisträich empfaangen. Schonn zanter 6 Joer organiséiert den Escher Meedercherslycée dës europäesch Konferenz.

De Jean Theis, Direkter vum Lycée: „Et ass e Projet, deen iwwert den Erasmus+ finanzéiert gëtt. Schüler aus 6 Länner ginn a 4 Konferenzen a verschiddenen europäesche Schoulen zesummebruecht. Hei gëtt mat hinnen iwwert déi europäescher Valeuren an déi europäesch Identitéit diskutéiert.“

Ma wat sinn dës Valeuren iwwerhaapt? Ënner anerem beim Poetry Slam spréngt e Mëttwoch jiddwereen iwwert seng sproochlech Barrièren. Beim kompetitiven Dichte geet et drëms ze kommunizéieren. Leiere Gedanken ze formuléieren, auszeschwätzen, ze debattéieren. An net op Emotioune sëtzen ze bleiwen. Fir déi däitsch Schülerin Samira Dhali ass et mëttlerweil déi 3. Kéier, datt et bei esou enger europäescher Konferenz participéiert: “Et huet een esou vill méi Selbstvertrauen. Et léiert ee méi einfach mat frieme Leit ëmzegoen, besser interagéiert, schwätzt. Et entwéckelt een och e politeschen Interessi. Et mierkt een och einfach, datt een Deel vun der Zukunft ass.”

Ob een am europäesche Joer vun der Jugend dann och genuch op déi Jonk lauschtert, ass net ëmmer ganz kloer. D’Samira Dhali an och déi Lëtzebuerger Schülerin Mira Zwank si skeptesch: “Et gëtt dacks net op eis gelauschtert, well déi ‘al’ et jo besser wëssen. Dat kennt ëmmer nees vir an ech fannen dat einfach Schued.”

Ee Beispill ass, datt de System vun der EU heiansdo einfach veraalt ass. Et gëtt just wéineg Kommunikatioun iwwert déi sozial Reseaue gemaach. Déi jonk consomméiere kaum nach traditionelle Medien. Et geschitt alles op Social Media.”

Initiativen ewéi d’VIC-Konferenz ginn et der awer ëmmer méi an dës brénge Schüler zesummen a schafen Opportunitéiten. Esou nach den Direkter vum Lycée Hubert Clement: “Se si jo a Famillen ënnerbruecht. Dat heescht se hunn do enk Kontakter. Et wier natierlech flott, wann déi europäesch Kontakter, déi do entstinn, och spéiderhi kéinten um Liewe gehale ginn a laangfristeg Frëndschaften entstinn.”

Reesen an diskutéieren ouni Grenzen. D’Konferenz geet nach bis e Freideg.

Back to Top
CIM LOGO