Skypark Business CenterEsou gesäit dat neit Gebai vu 70.000 m2 um Findel aus

Christophe Hochard
Um Fluchhafen nieft dem Terminal A wiisst e risegt Gebai aus dem Buedem. 2019 hunn d'Aarbechten ugefaangen. An dräi Joer si se fäerdeg.
© Bjarke Ingels Group

Skypark Business Center, sou den offiziellen Numm vum Gebai. Spéider wäert hei d’Administratioun vu Lux-Airport hir Büroen hunn. Och déi Responsabel vun der nationaler Fluchgesellschaft wären u Bürosfläch hei am Gebai interesséiert. Aktuell ass d’Direktioun vun der Luxair jo zu Mënsbech doheem. Gebaut gëtt dëst Gebai fir Firmen, déi an der Aviatioun schaffen. Awer net nëmmen. Et solle Butteker, eng Crèche an e Fitness dohinner kommen .... awer och ee Parking vun 1.500 Plazen an en Hotel.

370 Meter laang gëtt en an huet spéider eng Surface vu 70.000 Meter Carré. Ausserdeem ginn et vill Gréngflächen.

Ervirstiechen deet dat villt Holz. Am Ganze wäerten iwwer 13.000 Kubikmeter Holz verbaut ginn. Holz, dat gréisstendeels aus Süddäitschland, Éisträich an zu engem klengen Deel aus Finnland kënnt.

Skypark Business Center
Um Fluchhafen nieft dem Terminal A wiisst e risegt Gebai aus dem Buedem. 2019 hunn d’Aarbechten ugefaangen. An dräi Joer sinn se fäerdeg.

Gutt Nouvellë ginn et fir d’Visiteure vum Skypark. Op der ieweschter Etage ass nämlech eng Terrasse mat Aussicht op d’Landepist virgesinn. Enn 2023, Ufank 2024 wäert déi éischt Phas ofgeschloss sinn. De komplette Skypark Business Center ass 2025 dann operationell.

Back to Top
CIM LOGO