
Den ukraineschen Honorarkonsul zu Lëtzebuerg Claude Radoux huet, wéi hie seet, zënter 30 Joer ganz enk Relatiounen mam Land a mat de Leit, huet an der Ukrain studéiert a mécht sech aktuell grouss Suergen. Hoffnung gëtt him awer déi grouss Solidaritéit vun de Leit. Zënter dem Ufank vum Krich géif hie ronderëm d’Auer vu Leit kontaktéiert ginn, déi him soen, datt se hannert den Ukrainer stinn an och vu Leit, déi wëllen hëllefen.
D’Associatioun vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg hat d’lescht Woch och op enger Pressekonferenz ënnerstrach, wéi wichteg Hëllef wier. Et ginn den Ament zwou privat Initiativen.
Eng, déi liewenswichteg Saachen an d’Ukrain schéckt an eng déi sech drëms këmmert, datt Krichsflüchtlingen, déi eventuell op Lëtzebuerg kommen, hei ënnerdaach kommen. Informatiounen ginn et zum Beispill op www.ukrainians.lu