
"2026 war e ganzt schwieregt Joer. Mir haten extreem Hëtzt an extreem Dréchent an dat huet de Kulture ferm zougesat." De Jean-Claude Muller, President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin zitt e ganz gemëschte Bilan. D'Qualitéit dëst Joer ass ganz gutt, mä vun der Quantitéit hier ass et däitlech manner.
Déi Betriber, déi Waasser zur Verfügung hunn, do ass et gaangen, seet de Jean-Claude Muller. Mä bei deenen, déi kee Waasser haten, ass d'Recolte katastrophal. D'Äppel sinn einfach ze kleng bliwwen.
D'Fuerderung vun den Uebstbaueren ass dowéinst kloer: "Mir brauche Waasser. Mir musse Waasser kënnen zur Verfügung stellen, fir dass an Zukunft ëmmer Waasser disponibel ass, fir ze netzen. Elo kann et awer sinn, dass d'nächst Joer e ganz naasst Joer ass. Duerfir ass och schwéier ze soen, wann ee méi resilient wëllt ginn, muss een aner Zorten uplanzen, well d'Klima ännert, dat ass Fakt. D'Meteo ass awer ganz schwiereg virauszesoen. Dat eenzegt, wat sécher ass, et sinn ëmmer laang Perioden, wou et entweeder extreem waarm gëtt oder och vläicht laang ka reenen."
D'Waasser-Resilienz-Strategie a proppert Uewerflächen- an Drénk-Waasser wäre ganz wichteg, mä d'Uebst- a Geméisbauere missten och kënne produzéieren. Dofir misst Waasser gespäichert ginn, fir datt een dat am Summer kann huelen, fir ze netzen, sou d'Fuerderung vum Landesuebstbauveräin, déi e Freideg en Tour bei d'Politik an och bei RTL um Kierchbierg gemaach hunn, fir hir Produite virzestellen an op hir Problemer opmierksam ze maachen. Hanner all Apel, hannert all Produktioun géif vill Léift an Know-how stiechen, mä och vill Erausfuerderungen a vill Problemer, dat virun allem dëst Joer.
Ugeschwat op d'Diskussioun ëm Pestiziden a Lëtzebuerger Äppel Ufank dës Joers, gouf och e Freideg nach eemol ënnerstrach, dass d'Geméis an d'Uebst vun de Bauere reegelméisseg géif vun de staatlechen Instanze kontrolléiert ginn. Ma et géif awer op eege Fauscht kontrolléiert ginn, sou de Jean-Claude Muller: "Mir hu mëttlerweil agefouert, dass mir se selwer kontrolléieren, vun engem onofhängegen däitschen Institut, well mir einfach wëllen, dass mir sécher Äppel, sécher Bieren, produzéieren an dofir ass eis dat ganz wichteg. Mir wëllen net ënner Generalverdacht gestallt ginn an dat ass och net richteg sou, well eis Uebstbaueren maachen e ganz gudden Job. Si reduzéieren haut scho Planzeschutzmëttel, si schaffen haut scho mat Nützlingen a si setzen nei Techniken an, fir kënne sou resilient wéi méiglech ze ginn."
An der Waasser-Resilienz-Strategie gëtt gesot, dass Planzeschutzmëttel an de Waasserschutzgebidder misste komplett verbuede ginn, eppes dat d'Uebstbaueren allerdéngs net sou gesinn. Ma et wier een awer oppen fir den Dialog an och fir Léisungen ze fannen, fir Planzeschutzmëttel ze reduzéieren, ënnersträicht de Jean-Claude Muller. Dass d'Waasserqualitéit misst erhéicht ginn, wier dem Landesuebstbauveräin dann och selbstverständlech enorm wichteg. Ma dëst géif awer just mat allen Acteuren zesumme goen an net "als Diktat vun Uewen erof".