Den Apel gëllt zanter Joerzéngten als Symbol fir gesond Ernärung. Eng nei europäesch Etüd vum Pesticide Action Network Europe stellt dat Bild awer massiv a Fro. Bei rezenten Analysen, déi d’ONG an Optrag ginn huet, koum eraus, datt 90 Prozent vun de konventionell produzéierten Äppel an Europa Pestizidréckstänn hunn. 59 Prouwen aus 13 verschiddene Länner goufen ageschéckt. Déi 3 Prouwen, also eng gutt hallef Dosen Äppel, déi aus dem Grand-Duché an d’Etüd ageschéckt goufen, ware positiv.
Fir d’Claire Wolff vum Mouvement Ecologique ass dat Resultat beonrouegend. „Dat, wat mech am meeschte schockéiert huet, ass, datt PAN Europe op d’Resultat komm ass, datt frësch konventionell Äppel am Fong net fir kleng Kanner gëeegent sinn.“ Et besteet en duebele Standard, esou de Mouvement. Wärend veraarbecht Liewensmëttel fir Kanner eng Nulltoleranz fir Pestiziden hunn, dierfen déi selwecht Substanzen a frëschem Uebst nach enthale sinn. „Eltere solle besonnesch oppassen a fir kleng Kanner op ongesprëtzten oder Bio-Äppel zréckgräifen“, sou d’Claire Wolff.
Déi gréisste Suerg vum Rapport vu PAN Europe ass de sougenannte Pestizid-Cocktail. An de meeschte Prouwen – och an de Lëtzebuerger – goufe méi wéi ee Pestizid nogewisen. Dës wieren zwar individuell ënnert den erlaabten EU-Normen, mee: „D’Wiesselwierkunge vun dëse Substanzen ënnerteneen si bis haut net genuch erfuerscht“, esou d’Claire Wolff.
Besonnesch fir kleng Kanner ass dat problematesch. An den éischte Liewensjoren entwéckele sech den Immun-, Hormon- a Nervesystem. Vill Pestizidwierkstoffer stinn am Verdacht, kriibserreegend oder hormonstéierend ze sinn.
Nach méi däitlech gëtt d’Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvement Ecologique. Si schwätzt vun „alarmanten an erschreckende Resultater“ a geet bei hire Conclusioune méi wäit: „Mir hu laang diskutéiert, ob mir solle soen, datt kleng Kanner keng konventionell Äppel méi solle iessen. Mä iergendwann geet et duer.“
D’Blanche Weber erënnert drun, datt et net bei dëser Etüd géif bleiwen. Analysen hätten an de leschte Joren och Pestiziden am Drénkwaasser an esouguer an den Hoer vun alle getestete Kanner zu Lëtzebuerg nogewisen. „D’Politik reagéiert an eisen Aen net adequat. Et gëtt vill analyséiert a diskutéiert, mee et feelt u konkretem Handelen“, esou d’Kritk. Gefuerdert ginn ënner anerem méi Bio-Liewensmëttel a Crèchen, Spideeler an Altersheemer.
De Jean-Claude Müller, President vum Verband vun de Lëtzebuerger Uebstbaueren, gesäit dat liicht anescht. Hie weist drop hin, datt d’Äppel aus Lëtzebuerg ënnert de gesetzleche Grenzwerter leien. „All d’Produkter, déi agesat ginn, si zougelooss an duerch europäesch Autoritéiten evaluéiert“, seet hien.
D’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) féiert iwwerdeems reegelméisseg Kontrollen an Analysen duerch. Tëscht 2009 an 2025 goufen 182 Äppelprouwen analyséiert, dorënner 97 aus lëtzebuergescher Produktioun. „A kengen eenzege Fall gouf bei lëtzebuergeschen Äppel eng net-konform Pestizidbelaaschtung festgestallt. Dat bedeit kloer: Lëtzebuerger Äppel si gutt fir z’iessen,“ heescht et vum Landwirtschaftsministère.
Gläichzäiteg betount de Jean-Claude Müller, datt d’Baueren Efforte maachen, fir de Pestizidasaz ze reduzéieren. Et géif massiv an d’Berodung, Alternativen an nei Methoden investéiert ginn, ewéi zum Beispill biologesch Schädlingskontroll. D’Zuel u Produzenten, déi mat Planzeschutzmëttel schaffen, géing lues – awer sécher – erof, esou de Verband. Dat och duerch dat lëscht Agrargesetz a Primmen fir d’Ewechloosse vu Mëttel ob spezifesche Fläschen. „Dat ass esou wäit gaangen, datt de Budget carrement wäit iwwergraff gouf an, datt net genuch Budget do war. Dat beweist jo awer, datt d’Bauere wëlleg sinn,“ esou de President vun den Uebstbaueren.
Zanter 2016 konnt den Asaz vu Planzeschutzmëttel ëm méi wéi 50 % reduzéiert ginn, heescht et ob Nofro hi beim zoustännege Ministère. Am Uebstbau wieren 2024 am Ganzen op 89 vun 198 Hektar Flächen ouni Fungiziden an Insektiziden ugebaut ginn.