Streng Reegelen an Disziplin. Elitär Institutioune fir Kanner vu räichen Elteren. Oder awer Elteren, déi hir schwiereg Kanner ofginn. Dat si wuel déi gängegst Virurteeler iwwer Internater. Ma wéi gesäit d’Liewen am Internat wierklech aus?
Mir besichen de 16 Joer ale Lenny Meyers déi éischt Woch no der Chrëschtvakanz. Treffpunkt ass de Lycée Classique zu Iechternach, wou hien an d’Schoul geet. Just e puer Meter weider, weist hien eis, wéi hie wunnt: am Internat. Eleng an engem groussen Duebelzëmmer. “Et ass nach e bëssen eidel, ech sinn nach net esou laang hei”, erkläert de Lenny, “et ass réischt zanter Ufank dës Schouljoers, dass ech hei sinn.” Ronn zwou Woche laang war hie lo doheem bei der Famill. Weekends an an de Schoulvakanzen ass d’Internat nämlech zou. “Ech war frou, nees hei ze sinn, et ass wéi en zweet Doheem fir mech”, esou den Teenager.
De Lenny kënnt eigentlech aus dem Süde vum Land. D’Decisioun fir d’Internat huet hie selwer getraff, well hie gemierkt hätt, dass hie méi Struktur géif brauchen. Mat senger Mamm telefonéiert hie quasi all Dag: “Ech si mir sécher, fir si ass et och net einfach. Mä si weess, dass dat mir hei gutt deet, dass ech esou besser eens gi mat mir selwer an dass ech esou méi vun der ganzer Saach hunn. A si ënnerstëtzt mech doranner.”
Ee vun de gréissten Ënnerscheeder par Rapport zum Doheem: am Internat lieft ee mat anere Jonken am Grupp. Et si ronn 40 Schüler: 1/3 Meedercher, 2/3 Jongen. Sechs Educateuren encadréieren déi Jugendlech. “Et ass flott, den Alldag mat de Kolleegen ze deelen”, beschreift de Lenny d’Liewen an der Gemeinschaft. Ma fir dass dat Zesummeliewen am Alldag klappt, ginn et fix Ofleef a Reegelen. Alles huet seng Zäit: léieren, iessen, Aktivitéiten, Fräizäit, schlofen. Déi Struktur soll souwuel de Jonken, wéi och hiren Elteren eng Sécherheet bidden, erkläert den Direkter vum Iechternacher Internat Marc Diederich.
Fort vun Doheem: tëscht Verlaangeren a Virurteeler
Änlech leeft et och am Internat Fieldgen of. Do léiere mir dat 18 Joer aalt Noémie De Sousa kennen. Hatt ass op enger 3e an ass schonn zanter der 7e am Internat. “Et war zimmlech schwéier um Ufank, well et ass een et jo net gewinnt, net mat den Elteren ze liewen, an et ass en neie Rhythmus”, erzielt d’Noémie. Och fir seng elengerzéiend Mamm wier et schwéier gewiescht, hiert eenzegt Kand goen ze loossen. Ma wat fir Mamm an Duechter mëttlerweil gutt funktionéiert, suergt deelweis fir Onverständnes am Ëmfeld, esou d’Elisabeth De Sousa:
“D’Leit hunn um Ufank gesot ‘Wéi, d’Noémie ass am Internat? Hatt huet jo kee schlëmme Charakter’. D’Leit mengen eben, d’Internat ass just fir schwiereg Kanner – Nee, guer net! Et ass eng aner Ënnerstëtzung hei. Et bréngt hinnen och bäi, méi selbststänneg ze sinn.”
“Eltere sinn, heescht och, déi manner schéi Saache mat de Kanner maachen”
E kruziale Facteur fir een erfollegräichen Openthalt am Internat: d’Elteren. Et wier immens wichteg, se mat an d’Boot ze huelen an zesummen ze schaffen, esou d’Direktesch vum Internat Fieldgen, d’Christine Goy. Well sou muncher een hätt eng ganz eegen Interpretatioun vun der Rolleverdeelung.
“Déi Kontinuitéit, déi een an der Schoul muss hunn, muss een och Weekends doheem duerchzéien. Et kann net sinn, dass mir an der Woch déi Béis sinn, déi dohannert sinn an de Meedercher Reegelen imposéieren, konsequent sinn a Strofe ginn, an d’Eltere si just do fir weekends flott Aktivitéiten ze maachen.”
Wat kascht en Internat?
15 Internater gëtt et uechter d’Land, opgedeelt an déi sougenannt “internats scolaires” an “internats socio-familiaux”. Am Ganze si ronn 700 Jonker an engem Internat ageschriwwen.
Fir dass jidderee sech e sozio-familiäert Internat wéi de Fieldgen oder dat zu Iechternach ka leeschten, sinn d’Präisser duerch eng Konventioun vum Ministère fixéiert an un de Revenu an d’Situatioun vun de Familljen ugepasst. Se leien ongeféier tëscht 100 a 460 Euro de Mount, fir en Hebergement vun 10 Méint. Bei de Schoulinternater hänkt de Präis vun de Prestatiounen of, wéi zum Beispill der Unzuel vun de Moolzechten. Am Schnëtt läit ee bei 200 bis 400 Euro de Mount.
Familljen, déi engem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, kënnen eng zousätzlech Reduktioun vun 20% kréien, heescht et aus dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.