Associatioun vun Dokteren an ZänndokterenEt brauch ee kee Code vun Aluedung, fir Booster-Impfung ze kréien

RTL Lëtzebuerg
Et ass den Opruff, datt ee sech net scho fir d'Impfung mellt, wann déi 6 Méint vun der leschter Impfung, respektiv 4 bei AstraZeneca, net ofgelaf sinn.
© AFP

D'AMMD preziséiert, dass een de Code vun der Aluedung net brauch, fir eng Booster-Impfung kënnen ze kréien. Par conter misst een awer onbedéngt d'Krittäre respektéieren. D'Sekretariater wieren och geschoult a froen d'Leit dowéinst schonn um Telefon, ob déi 6 respektiv 4 Méint no der zweeter Impfung scho eriwwer sinn. Leit, déi virun hirem Delai an d'Praxisse ginn, iwwerlaaschten d'Dokteren onnéideg. Och wier et wichteg, dass elo haaptsächlech déi Leit eng Booster-Impfung kréien, déi e méi héije Risiko hunn, e schwéiere Verlaf vum Covid19 ze kréien.

Dysfonctionnementer bei Agence eSanté
Fir alles ronderëm de Rendez-vous beim Dokter digital kënnen ze maachen, feelt virun allem nach déi elektronesch Ënnerschrëft, bedauert d’AMMD.

Back to Top
CIM LOGO