Telekom-Regulateur ILREt gëtt ëmmer manner telefonéiert

Michèle Sinner
D’Revenuen vun den Telekommunikatiounsoperateuren klammen net méi esou séier, wéi an de leschten Joren
© Michèle Sinner / RTL

D’lescht Joer sinn déi Revenuen just nach ëm 1 Prozent op ronn 634 Milliounen Euro geklommen. Dat läit dem Regulateur ILR no drun, datt et bei der fixer Telefonie an de klasseschen Telésaboen zréckgeet an d’Croissance beim Internet net méi alles kompenséiert kritt.

Et gëtt ëmmer manner telefonéiert - Reportage Michèle Sinner

D’Gewunnechten änneren sech, esou den Direkter vum ILR, Luc Tapella: "Ech mengen den Telefon doheem gëtt ëmmer manner benotzt. Ëmmer manner Leit telefonéiere vun doheem aus. Dat gesi mer an de Minutten, wou se se benotzen. D'Televisioun och huet eng Tendenz, dass d'Leit manner, dat gesi mer, den Abonnementer, manner d'Televisioun kucken. Ech mengen haut de Contenu ass disponibel iwwer aner Medien, Social Medien an anerer, wou se kucken."

Ma esouguer um Handy gëtt manner mateneen geschwat, respektiv klassesch telefonéiert, seet den ILR-Direkter: "Dat heescht, d'Leit, wa se sech kontaktéieren, benotze se verschidden Applikatiounen, si brauchen dann Daten a keng Minutten am Telefonéieren. Obwuel bei eis zu Lëtzebuer, d'Abonnementer an der Telefonie hunn normalerweis illimitéiert Kommunikatiounen. Mee wéi gesot, d'Tendenz ass alles méi iwwert den Internet ze maachen.”

Vu lénks no riets: Neil Wenner, Luc Tapella, Elisabeth Weber
© Michèle Sinner / RTL

D'lescht Joer war dat éischt, wou d'Lëtzebuerger Operateuren iwwert eng Millioun Sim-Kaarten an Ëmlaf haten. Hir Clienten schléissen ëmmer méi déck Daten-Aboen of. Bal 20 Prozent vun de Sim-Kaarten generéieren Revenuen iwwert 50 Euro de Mount. Esouwuel beim fixen, wéi beim mobillen Internet ass d'Couverture grouss, esou d’Elisabeth Weber vum ILR: "Well 80 Prozent vun der Bevëlkerung hu mëttlerweil Zougang zu engem 5G-Reseau mat Download-Vitesse vun iwwer ee Gigabyte pro Sekonn."

Déi nämlech Vitesse ass fir 96 Prozent vun der Populatioun och doheem iwwert de Kabel méiglech: "Wat éischtens hëlleft de Leit, de Privatleit doheem. Ech mengen Teletravail an aner Saachen, wou een eng gutt Connectivitéit brauch. Mee dat hëlleft awer elo och der ganzer Industrie, de PMEen oder aner Entreprisen, dass déi och hei zu Lëtzebuerg gutt Connectivitéit kënne kréien an och en attraktiivt Land ass, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze kommen."

D'Operateuren hunn dofir investéiert. D'lescht Joer alt nees 20 Prozent vun hire Revenuen.

Back to Top
CIM LOGO