
Et ass eng Zorte Paradigmewiessel. Zanter enger Zäit mierke mer schonn, dass ëmmer méi Kokain um Lëtzebuerger Marché ass, an et ass am Gaang den Heroin hallefweegs ze ersetzen. Dat sot den Alain Origer um Freideg de Moien, als eisen Invité vun der Redaktioun.
Den nationalen Drogebeoptraagte vun der Santé huet erkläert, dass een an de leschte 5 Joer gemierkt hätt, dass ëmmer méi Kokain consomméiert gëtt.
Et hätt een ëmmer méi mat problematesche Fäll ze dinn, vu Leit déi staark ofhängeg sinn.
Generell léing den Taux am Land awer bei 0,4% vu Leit, déi an de leschten 12 Méint Kokain geholl hätten – deen Taux läit awer ënnert der EU-Moyenne.
Am meeschte consomméiert gëtt awer weiderhin zu Lëtzebuerg de Cannabis.
An de Koalitiounsverhandlungen, déi den Ament lafen, steet och zur Debatt fir de Cannabis ze ent-kriminaliséieren.
Fir den Alain Origer ass et wichteg ze ënnersträichen, dass reegelméissege Konsum vu Gras net gesond ass.
Et géifen eng ganze Rei vu Méiglechkeeten ginn, fir awer op dee Wee vun der Legalisatiouin ze goen, allerdéngs misst ee sech ganz gutt iwwerleeën, wéi een dat konkret wëll ëmsetzen.
Et just maachen, well et zur Zäit „in“ wier, a vill aner Länner och op dee Wee ginn, wier de falsche Wee.
Wichteg wier virun allem, déi Jonk weiderhin ze schützen.
E Freideg de Moie war den nationalen Droge-Koordinator vum Santésministère eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.