Et wär vill geschwat ginn, elo missten endlech Neel mat Käpp gemaach ginn, sot um Donnschdeg de Moien de Patrick Dury, de President vun der LCGB. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Opwäertung vum Mindestloun géif net duer goen an et géif ebe vill ze lues goen. Datt d'Patronat géint eng Hausse wär, wär gewosst. All Argumentatioun géint eng Hausse léisst den LCGB awer net gëllen.
A manner wéi zwou Woche si jo Sozialwalen. Den LCGB wär d'Äntwert op d'Problemer, huet de President vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond gemengt. Géint een aneren (den OGBL) géif ee kee Walkampf maachen, mä sech op sech selwer konzentréieren.
Ee Schwéierpunkt vun der Campagne läit op der Digitaliséierung. Nei Aarbechtsverhältnisser dierften net dem Salarié schueden.
10% vun der Aarbechtszäit sollen an Zukunft och fir d'Weiderbildung virgesi sinn. Dat misst e Recht ginn, fuerdert den LCGB.
En Donneschdeg de Moie war de President vum LCGB eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.