
Hir Aarbecht op deem Terrain hätt 2 Ziler. Dat eent wier d'Bekämpfung vun den Inegalitéiten, dat anert wier d'Promotioun vun der Egalitéit a sécherlech wier do d'Loungläichheet ee wichtege Sujet. D'Gesetz wier jo gestëmmt ginn a wichteg wier et elo, dass dat och elo ëmgesat gëtt an um Terrain bei de Leit ukënnt.
D'Aarbechtswelt misst insgesamt méi an dee Sujet agebonne ginn, sot d'Taina Bofferding. Och an der Educatioun misst méi iwwer d'Egalitéit tëscht Fra a Mann diskutéiert ginn. De François Benoy, Deputéierte vun déi Gréng, war zefridde mat der Ambitioun vun der neier Ministesch an et gouf och Luef aus der Oppositioun an zwar vum Marc Goergen vun de Piraten.
Een Zil vum Taina Bofferding wär et och, fir de Sexismus zesumme mat der Presse, de Medien a méi konkret de Publicitéitsagencen ze bekämpfen.