Äntwert op parlamentaresch FroEt gi 25 nei Strecken, op deene Moukentunnellen oder Barrièren opgeriicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Elo am Fréijoer ass et nees sou wäit: Fräschen a Mouken wanderen op hir Läichplaz, wat an der Reegel d'Plaz ass, wou si gebuer goufen.

Fir z'evitéieren, datt dës Déieren op dësem Wee iwwerrannt ginn, ginn et op Plazen temporär Stroossespären, Moukentunnellen ënnert der Strooss an Installatioune vun Plastiks-Zénk.

En aktuellen Relevé iwwert d'Stroossen, wou d'Fräschen driwwer wanderen, gëtt et awer fir den Ament net - "nach net", wëll dorunner schaffen d'Ponts et Chaussées zesummen mat Fierschteren.

Dat äntwerten d'Ministeren Dieschbourg a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen.

Am Land ginn et den Ament op 19 Strecken Moukentunnellen an op 30 Plaze gi Barrièren agesat, fir dass d'Déieren net iwwerrannt ginn.

Nieft de bekannten Strecken, wou d'Fräschen wanderen, kommen der dëst Joer eng 25 dobäi, wéi z.B. d'Streck duerch de Blummendall, tëscht dem Léierhaff an der Hierheck, tëscht Klierf a Reiler oder och tëscht dem Bamerdall an dem Fridhaff.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO