MemoShoah"Et gi keng gutt a keng schlecht Affer"

Maxime Gillen
Anne Wolff
"Mir dierfen eis net verleede loossen", esou um Dënschdeg den Appell vum ieweschte Rabbiner zu Lëtzebuerg, Alain Nacache.
MemoShoah: "Et gi keng gutt a keng schlecht Affer"
“Mir dierfen eis net verleede loossen”, esou um Dënschdeg den Appell vum ieweschte Rabbiner zu Lëtzebuerg, Alain Nacache.

An der Stad gouf en Dënschdeg un d’Affer vum Holocaust an un d’Liberatioun vum Konzentratiounslager zu Auschwitz-Birkenau de 27. Januar 1945 geduecht. Dat virum Kaddish Monument um Boulevard Roosevelt an a Presenz vun der Justizministesch Elisabeth Margue, genee wéi e sëllegen Deputéiert.

Do virdrun hunn e puer Schoulklassen eng Visite guidée vum Gedenk-Parcours vun der Shoah duerch d’Stad gemaach. Lass goung et op der Stater Gare. Vun do aus goufen nämlech Honnerte Judden deportéiert. Duerno goung et ënnert anerem laanscht en Hotel an deem deemools e sëllege Judden ënnerkomm waren, déi schonn op Lëtzebuerg komm waren, fir hei eng sécher Plaz ze fannen. Weider Statioune waren dat fréiert Arbedsgebai, dat an der Nazi-Zäit de Sëtz vum Gauleiter war, d‘Gebai, an där déi jiddesch Kanner an d‘Schoul gaange sinn oder och nach d‘Villa Pauly, den deemolege Sëtz vun der Gestapo.

Déi ganz Woch iwwer ginn eng Rei Evenementer ronderëm dëse Gedenkdag organiséiert. Ënnert anerem gi Filmer gewisen, Concerte gespillt an eng ganz Rei Aktivitéite fir Schüler organiséiert. De ganze Programm fannt Dir um Site vum Zentrum fir politesch Bildung zpb.lu.

Back to Top
CIM LOGO