
Zënter 4 Joerzéngten huet d'US-Arméi Militärdépoten zu Lëtzebuerg. Et handelt sech ëm déi sougenannt „Warehouses Service Agency“, kuerz WSA.
De Site Beetebuerg gouf am Joer 2006 zougemaach, de Standuert Suessem gëtt et nach ëmmer.
Déi Lénk wollten an enger parlamentarescher Fro méi iwwer d'Aktivitéiten zu Suessem wëssen, virun allem war et d'Fro, ob Nuklearwaffen do stockéiert wieren oder net?
Den Arméiminister Bausch beäntwert déi Fro mat engem kloren "Nee".
Dat ganz einfach well de Memorandum deen d'USA an de Grand-Duché 1978 ënnerschriwwen hunn explizit virgesäit, datt keng Munitioun op de concernéierte Sitte stockéiert gëtt. D'Fro vun Atomwaffen oder Material wat zu dëse gehéiert géing sech also guer net stellen, sou schreift et de Minister.
De Militärdépôt gëtt iwwerdeems net vun der amerikanescher Loftwaff geréiert, mä vun enger Lëtzebuerger société à responsabilité limitée. ¾ vun de Parte vun där s.à.r.l gi vun ArcelorMittal a vum Staat gehalen. 163 Salariéë schaffen do, no Lëtzebuerger Aarbechtsrecht.
D'US-Air Force ass den Haaptclient zu Suessem a realiséiert ënner anerem fir d'Lëtzebuerger Arméi a fir d'Justizautoritéite Maintenance- a Stockage-Aarbechten.
Wat d'US-Loftwaff fir sech selwer mécht ass d'Lagerung, d'Sécherung, d'Reparatur, den Entretien an den Inventaire vu Reservematerial. Ënner anerem geet et hei zum Beispill ëm Stroum-Generateuren, Maschinnen a Rettungsgefierer.
Zënter laangem géing de WSA-Site enk mam europäeschen Haaptquartéier vun der Air Force am däitsche Ramstein zesummeschaffen, heescht et weider.
Bei der Kooperatioun géing et ëm déi grad genannten Aktivitéiten, sou nach de Minister Bausch.