"Heiansdo beréit een d’Leit, an da maachen se awer wéi se wëllen... an heiansdo maache se wat een hinne seet, an et ass net dat richtegt. Et ginn intern, wéi awer och extern Grënn, firwat d’CSV bei de leschte Chamberwalen net sou ofgeschnidden hat, wéi ee sech dat gewënscht hat".
Dat sot de Marc Glesener um Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De fréiere Chefredakter vum Wort, an onofhängege Kommunikatiounsberoder vum Spëtzekandidat Claude Wiseler während de Wahlen, huet och e Mea Culpa gemeet, dass verschidde Saachen, déi een am Walkampf ugepak hätt, net esou bei de Leit ukomm wieren, wéi een dat geduecht hat.
D’Programmathik vun der CSV wier deels laanscht d’Leit gaaneng, virun allem laanscht déi Jonk.
Derbäi koum dem Marc Glesener no, dass d’Positioun vum Spëtzekandidat partei-intern, net ëmmer matgedroe gi wier.
Op d’Fro hin, op hie sech nach emol als onofhängege Beroder bei enger Partei wéilt engagéieren, sot hien: et wier eng gutt Erfarung gewiescht, mä: „J'ai donné“.
E Freideg de Moie war den onofhängege Beroder Marc Glesener eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.