Dës LegislaturperiodEt gouf eng ganz Partie Changementer an der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Nächste Mëttwoch kënnt et zu Changementer an der Regierung. Yuriko Backes, Claude Haagen a Georges Engel, esou heeschen déi nei Ministeren.
© SIP/Luc Deflorenne (Archiv)

Et ass dat dann, de bis ewell leschte vun enger ganzer Partie Wiessel an der aktueller blo-rout-grénger Regierung. Den éischten Ëmbau an der Regierung Bettel 2 gouf am August 2019 néideg. De Justizminister a grénge Vizepremier Felix Braz kritt eng Häerzattack. De François Bausch iwwerhëlt de grénge Vizepremier-Posten, d’Kulturministesch Sam Tanson d’Justiz. Nei an d’Regierung kënnt den Henri Kox, den Deputéierte gëtt neie Wunnengsbauminister, méi spéit och nach Policeminister.

Changementer Regierung/Reportage Sascha Georges

Den LSAP-Minister a Vizepremier Etienne Schneider demissionéiert am Februar 2020. “Hie wëll säi Liewen zeréck”, seet en a mécht esou dem deemolegen LSAP-Parteipresident Franz Fayot Plaz. Hien iwwerhëlt Ekonomie a Kooperatioun. Duerch d’Neiverdeelung vun de Ressorten iwwerhëlt d’Kosumenteschutz-Ministesch Paulette Lenert d’Santé. An als Gesondheetsministesch ass si scho kuerz drop mat der Corona-Krise konfrontéiert.

E Mëttwoch gëtt d’Paulette Lenert iwwregens, nieft dem François Bausch, nei Vizepremierministesch. Am November 2021 annoncéieren dann d’Ministeren Dan Kersch a Romain Schneider hire Récktrëtt, wéinst der Gesondheet. Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen gëtt esou neie Securité-Sociales- a Landwirtschaftsminister. An den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel gëtt zoustänneg fir Aarbecht a Sport. Net aus gesondheetleche Grënn, mee aus familiären, trëtt den DP-Finanzminister Pierre Gramegna zeréck. D’Annonce am November war schonn eng Iwwerraschung. D’Maréchale de la Cour grand-ducale, d’Yuriko Backes, gëtt esou déi éischt Lëtzebuerger Finanzministesch.

Back to Top
CIM LOGO