Et gouf e Sécherheetsperimeter ageriicht, wat natierlech och zur Folleg hat, dass et gréisser Perturbatiounen am Trafic gouf, sou z.B. och bei den Zich, déi net méi an d’Gare erafuere konnten.
Vun der Police krute mer d’Informatioun, dass wuel e suspekte Pak am Fundbüro* ofgi gouf. Spéider sollt sech erausstellen, dass et sech heibäi ëm eng Zort “Übungsmunitioun” gehandelt huet. Et géif awer keng Gefor méi bestoen a géint 19.39 Auer ass d’Gare nees opgaangen. De Service Deminage vun der Arméi war op d’Plaz geruff ginn.
*En Donneschdeg hat d’Police gemellt, datt de Pak am Fundbüro ofgi gouf, wéi de Parquet e Freideg de Moie preziséiert, wier de Pak bei den Informatiounsguicheten op der Gare ofgestallt ginn.
